Marcel Balthasar

Vu Wikipedia
Marcel Balthasar
Gebuer 4. Juni 1939
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bouschéisser

De Marcel Balthasar, gebuer de 4. Juni 1939 zu Lëtzebuerg, ass e fréiere Lëtzebuerger Bouschéisser.[1]

Hien huet an där Disziplin 32 Landesrekorder geschoss, war sechsmol Outdoor- an néngmol Indoor-Landesmeeschter an huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller zu München (1972), zu Moskau (1980) an zu Los Angeles (1984) vertrueden.

1974 war hie Sportler vum Joer.

Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Robert Schiel 1974 Roland Bombardella

No him genannt[änneren | Quelltext änneren]

Zu Éiere vum Marcel Balthasar gouf am Mee 2017 den Nationale Bouschéisszenter zu Stroossen no him genannt[2].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Marcel Balthasar op sports-reference.com. D'Informatioun op sports-reference datt de Mann dout wier, ass falsch. Hie lieft nach a wunnt zu Stroossen.
  2. Zu Ehren Marcel Balthasars - Nationales Bogenschützenzentrum getauft am Luxemburger Wort vum 8. Mee 2017, S. 21 (Säit mat “37” falsch nummeréiert)