Marcel Cadolle
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Marcel Maurice Honoré Eugène Cadolle , gebuer zu Paräis den 21. Dezember 1885, a gestuerwen den 21. August 1956, war e franséische professionelle Vëlossportler, deem seng villverspriechend Carrière duerch e schwéiert Accident beim Tour de France, stënterlech en Enn gesat krut.
Palmarès[änneren]
- 1 Etappe um Tour de France
- Bordeaux-Paris : 1906
- 2. bei Paris-Roubaix 1906
- 4. bei Bordeaux-Paris 1907
Resultater um Tour de France[änneren]
- Tour de France 1906 : Opginn an der 11. Etapp
- Tour de France 1907 : Opginn an der 7. Etapp a Gewënner vun enger Etapp