Marcel Cahen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marcel Cahen
Gebuer 9. Abrëll 1887
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. November 1949
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Industriellen
Partei Radikal Partei, Radikal-Sozialistesch Partei
Dem Marcel Cahen säi Graf um Kierfecht um Fetschenhaff

De Marcel Cahen, gebuer den 9. Abrëll 1887 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 15. November 1949 war e lëtzebuergeschen Industriellen an e liberale Politiker.

Hie war vun 1922 bis 1940 Deputéierten an der Chamber a vun 1921 bis 1940 Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg. Den 12. Mäerz 1945 gouf hien als fréieren Deputéierten an d'Assemblée consultative genannt.

1928 huet hien zesumme mam Gaston Diderich an dem Albert Clemang d'Radikal Partei gegrënnt, eng liberal Beweegung, an och d'Zeitung Freie Presse.

1932 huet d'Radikal Partei sech mat der Radikal-Sozialistescher Partei zu der Radikal-Liberaler Partei zesummegedoen, an där hie weider Member blouf.

De Marcel Cahen war President vun der lëtzebuergescher Vëlosfederatioun (F.S.C.L.) vum 25. November 1934 bis den 10. Mee 1940.

De Marcel Cahen war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[1]

Eng Strooss zu Märel, de Boulevard Marcel-Cahen, ass no him genannt.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.
  2. (fr)Chronique locale - Distinctions belges. L'Indépendance luxembourgeoise. viewer.eluxemburgensia.lu (15. Abrëll 1926). Gekuckt de(n) 2023-08-01.
  3. 3,0 3,1 3,2 Doudesannonce vum Marcel Cahen am Escher Tageblatt vum 18. November 1949 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-01-08.
  4. Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert op 2011-09-26. Gekuckt de(n) 2013-01-12.