Marcel Lamboray
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Marcel Lamboray, gebuer den 3. März 1925 zu Fëlschdref, gestuerwen den 10. Januar 2008, war laang Joren Direkter vun der Bourse vu Lëtzebuerg.
De Marcel Lamboray goung zu Beetebuerg an d'Primärschoul an duerno an den Athénée. Während dem Zweete Weltkrich war hien Zwangsrekrutéierten.
Nom Krich huet hien 1946 ugefaang bei der Lëtzebuerger Bourse ze schaffen, wou hien dee Moment ee vu just dräi Employeeën war. 1962 ass hien Secrétaire vun der Bourse genannt ginn. 1971 krut hien den Titel Generalsecrétaire an 1979 ass hien schliesslech Direkter vun der Bourse genannt ginn. Hien ass 1987, no 41 Joer an den Déngschte vun der Bourse, an d'Pensioun gaang. De Verwaltungsrot huet hien "Directeur honoraire" gemat. A senger Zäit huet d'Bourse vu Lëtzebuerg sech zur bedeitensder Bourse an Europa fir de Listing vun internationalen Obligatiounen entweckelt.
[Änneren] Quellen
Michel Maquil: "In memoriam Marcel Lamboray", [[Luxemburger Wort]], 16. Februar 2008, S. 92

