Marcel Marceau

Vu Wikipedia
Marcel Marceau
Gebuertsnumm Marcel Mangel
Pseudonym Bip, Le mime Marceau
Gebuer 22. Mäerz 1923
Stroossbuerg
Gestuerwen 22. September 2007
Cahors
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Pantomime, Schauspiller, Clown, Zirkusartist, RIF- Resistenzler, Moler, Filmschauspiller, visuelle Kënschtler
Member vun Akademie der Künste der DDR, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Académie des beaux-arts
De Marcel Marceau 1977.

De Marcel Marceau (mam richtegen Numm Marcel Mangel), genannt le mime Marceau, gebuer den 22. Mäerz 1923 zu Stroossbuerg a gestuerwen den 22. September 2007 zu Cahors, war e franséische Schauspiller a Pantomime.

Hie gouf mat sengem Personnage Bip international bekannt.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Marcel Mangel, deen aus eng jiddescher Famill koum, ass am Zweete Weltkrich zu Limoges der franséischer Resistenz bäigetrueden an huet do den Decknumm Marceau ugeholl. Nom Krich goung hien zu Limoges op d'École des arts décoratifs.

Den Dag vu sengem 24. Gebuertsdag huet de Marceau säi Personnage Bip fir d'éischt op enger Bün dem Public virgestallt. Mat deem gouf hien ee vun de bekanntste Pantomimë weltwäit. 1978 huet hien zu Paräis eng Schoul fir Pantomimen opgemaach, wou en och Coursë ginn huet.

Hien huet och verschidde Bicher geschriwwen, dorënner L'Histoire de Bip, Les sept péchés capitaux a Pimporello.

De Marcel Marceau ass um Père Lachaise-Kierfecht begruewen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marcel Marceau – Biller, Videoen oder Audiodateien