Marcel Mart

Vu Wikipedia
Marcel Mart
Gebuer 10. Mee 1927
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 15. November 2019
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Journalist, Affekot
Partei Demokratesch Partei
Famill
Geschwëster René Mart
Kanner Caroline Mart

De Marcel Mart, gebuer den 10. Mee 1927 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 15. November 2019[1],[2], war e lëtzebuergeschen Affekot, Journalist a Politiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Marcel Mart huet zu Montpellier Droit an Economie studéiert. Hie war vun 1953 bis 1956 Affekot, huet dunn awer, vun 1955 bis 1960, fir d'Noriichtenagence Agence Europe geschafft. Vun 1960 bis 1964 war hien de stellvertriedende Porte-Parole vun der CECA, an duerno, bis 1966, Direkter vum Informatiounsbüro vun den Europäesche Gemeinschaften zu New York. Vun 1966 bis 1969 war hien de Chef vun der Unitéit "Informatioune fir Drëttlänner" bei der EG zu Bréissel.[1]

Hien huet sech politesch an der DP engagéiert a war vun 1969 bis 1974 Minister fir Wirtschaft, Mëttelstand, Tourismus an Energie an der Regierung Werner-Schaus II a vun 1974 bis 1977 an der Regierung Thorn-Vouel-Berg. Als Energieminister war hien ee vun de Verfechter vum Bau vun enger Atomzentral zu Remerschen.

1977 gouf de Marcel Mart Member vum Europäesche Rechnungshaff, deem säi President e vun 1984 bis 1989 war. Tëscht 1990 an 1993 war hien Haffmarschall um Groussherzoglechen Haff vu Lëtzebuerg.

Hie war och President vum Verwaltungsrot vun der Banque générale du Luxembourg (1993-2005) a vun der Société des foires internationales de Luxembourg (1994-2000).

De Marcel Mart ass de Brudder vum René Mart an de Papp vum Daniel Mart a vun der Caroline Mart.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "De fréieren DP-Politiker Marcel Mart ass dout." rtl.lu, 16.11.2019 14:17
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort 2019-11-18 op gedenken.lu
  3. (fr)LA „GRAND-CROIX DE VORDRE DE LA COURONNE“ A MESSIEURS LES MINISTRES JEAN DUPONG ET MARCEL MART. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (9. Mäerz 1971). Gekuckt de(n) 2023-08-08.