Marcel Proust

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Portrait vum Marcel Proust am Joer 1900

De Marcel Proust, gebuer den 10. Juli 1871 zu Paräis an do gestuerwen den 18. November 1922 war e franséische Schrëftsteller.

D'Zouwendung vu sengen gutt situéierten Elteren an eng Asthmakränkt hunn dem sensiblen a begabte Proust seng Kandheet a seng Jugend dominéiert. Ouni datt hien huet misse Sue verdéngen huet hien sech an de Kresser vun der dekadenter Paräisser Uewerschicht opgehal.

Eréischt nom Doud vu sengen Elteren (1903 resp. 1905) an enger Verschlëmmerung vu senger Krankheet huet hien sech op d'Schreiwe konzentréiert. An engem schall- a liichtgeschützte Raum huet hien säin Haaptwierk À la recherche du temps perdu verfasst datt vun 1913 bis 1927 erauskoum. Den 2. Band huet him 1919 de Prix Goncourt abruecht an dorophinn gouf hien international bekannt.

Perséinlech Tools