Marcel Simon (Auteur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur Marcel Simon. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Marcel Simon.
Marcel Simon
Gebuer 12. Dezember 1907
Iechternach
Gestuerwen 3. Mäerz 1995
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Fonctionnaire


De Marcel Simon, gebuer den 12. Dezember 1907 zu Iechternach, gestuerwen den 3. Mäerz 1995 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Fonctionnaire a Schrëftsteller.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Premièresexamen am Joer 1927 huet de Marcel Simon beim Enregistrement geschafft, duerno, bis 1958, am Transportministère. Am Abrëll 1934 gouf de Marcel Simon, dee sech fir däitsch Literatur begeeschtert huet, den éischte President vun der frësch gegrënnter Luxemburger Gesellschaft für deutsche Literatur und Kunst (spéider GEDELIT ofgekierzt), huet awer nach am selwechte Joer seng Plaz opginn[1], deen en awer 1935 eng kuerz Zäit laang erëm iwwerholl huet.[2] De Marcel Simon war Mataarbechter vum Echternacher Anzeiger, der Obermosel-Zeitung, dem Tageblatt, der Revue an der Ucht, awer och vun de satireschen Zäitschrëften De Gukuk an De Peck-Villchen. Virun allem ass de Marcel Simon awer duerch seng Iechternacher Anekdote bekannt ginn.

De Marcel Simon huet och alt mat dem Pseudonym S.A. oder Simcel signéiert. Nieft der Literatur war hien och naturwëssenschaftlech intresséiert: am Februar 1934 gouf hien als neie Member an d'Société des naturalistes luxembourgeois opheholl.[3]

De Marcel Simon war mat der Gusty Speck, enger klenger Niess vum Jos Speck, bestuet.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Simon, M., 1948. De Metzleschjong schreiwt hém aus der Stadt, vum S. A. Esch-sur-Alzette, Imprimerie Coopérative Luxembourgeoise, 96 S.
  • Simon, M., 1950. Echternach, liebe, alte Stadt. Esch/Alzette, 78 S. (1953 reéditéiert an der Dréckerei Pierre Linden, Lëtzebuerg, an 1990 an der Dréckerei Burg vun Iechternach).
  • Simon, M., 1951. Jupp und Sohn. Grevenmacher, Impr. Paul Faber, 93 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S. (Marcel Simon, S. 572-573).
  • Wilhelm, F., 1990. Parlons lettres: Echternach, liebe, alte Stadt. Anekdoten von Marcel Simon. Die Warte 1990, 28/1569 (25. Oktober), S. 2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Emil Haag: Die Luxemburger Gesellschaft für deutsche Literatur und Kunst (Gedelit). In: Hémecht, Jg. 28(1976), S. 8, 10, 12.
  2. Mannes, G., 2010. Aus den Anfangsjahren einer Wohllöblichen Gesellschaft: literaturhistorische Anmerkungen zu einem kulturpolitischen Phänomen: die GEDELIT 1934-1937. In: Aufbrüche und Vermittlungen: Beiträge zur Luxemburger und europäischer Literatur- und Kulturgeschichte = Nouveaux horizons et médiations: contributions à l'histoire littéraire et culturelle au Luxembourg et en Europe. Aisthesis, Bielefeld, S. 575-603.
  3. Bulletins mensuels de la Société des naturalistes luxembourgeois 1934, S. 3 (séance du lundi 26 février 1934) a S. 12 (liste des membres effectifs).