Marcelle Lentz-Cornette
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Marcelle Lentz-Cornette, gebuer den 2. Mäerz 1927 zu Nidderkuer, a gestuerwen den 29. Januar 2008, war eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).
Si war laang Zäit an der Chamber (Éierendeputéiert) an och Member vum Europaparlament. Si war zënter 1956 mam Dr. Albert Lentz bestuet.
Inhaltsverzeechnes |
Formatioun [änneren]
- Meedercherslycée zu Esch-Uelzecht
- Héichschoul zu Paräis op der Sorbonne
- Doktorat an den Naturwëssenschaften (Optioun Chimie)
Berufflech Carrière [änneren]
- Professesch am Meedercherslycée zu Esch-Uelzecht (1952-1964)
- Detachéiert un d'Beruffsschoul zu Esch-Uelzecht (1956)
Politesch Carrière [änneren]
- Gemengeconseillère an der Gemeng Suessem (1968-1985),(1997-1999),(2001-2003)
- Schäffen (1970-1980)
- Deputéiert an der Chamber (1979-1999)
- Member vum Europaparlament (1980-1989)
- Member vum Parlament vum Conseil de l'Europe (1989-1999)
- Deputéiert vum Parlament vun der UEO (1994-1999)
Gielercher a Verdéngschter [änneren]
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1999)[1]
- Grosses Bundesverdienstkreuz
- Matgrënnerin vu "Kanner hëllefe Kanner"
- Matgrënnerin vu "Mammen hëllefe Mammen"
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' während op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.