Marco Conrardy

Vu Wikipedia
Marco Conrardy
Gebuer 6. Januar 1955
Gestuerwen 14. Februar 2016
Mutfert
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Marco "Conny" Conrardy, gebuer de 6. Januar 1955 a gestuerwen de 14. Februar 2016 zu Mutfert[1], war e lëtzebuergeschen Autossportler.

Sportskarriär[änneren | Quelltext änneren]

De Conny war Enn vun den 1980er an an den 1990er Joren ee vun de beschten Autospiloten am Lëtzebuerger Rennsport.

1994, 1996 an 1997 huet hien den international gewäerte lëtzebuergesche Biergmeeschtertitel an 1997 och de belsche Biergmeeschtertitel gewonnen, zousätzlech och eng ganz Rei lëtzebuergesch Titelen (z. B. zu Holz, Noumer, Luerenzweiler). Zweemol, 1994 an 1998, huet en d'Biergcourse zu Eschduerf géint eng staark Konkurrenz gewonnen. Zwielefmol huet en de lëtzebuergesche Slalommeeschtertitel gewonnen.

Hi war 1993 ee vun den éischte Piloten dee mat engem Formel-3 Won (Ralt RT23 Cosworth) Biergcoursse gefuer asst.

Geleeëntlech ass en och Ronnstreckecoursse gefuer an ass als Co-Pilot bei Rallye matgefuer.

Nodeems en 1999 säi leschte Slalomtitel gewonnen hat huet e seng zwéi Ralt-Rennween verkaaft an huet mam Rennsport opgehalen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 18. Februar 2016, S.39