Marco Pinotti

Vu Wikipedia
De Marco Pinotti beim Depart vun der Deutschlandtour 2006 zu Düsseldorf

De Marco Pinotti gebuer de 25. Februar 1976 zu Osio Sotto, ass en italieenesche professionelle Vëlossportler.

De Marco Pinotti hat als Amateur bis 1998 28 Coursse gewonnen. E Stagiairesengagement bei Polti, war fir hien d'Sprangbriet fir bei d'Profien. Hie krut och gläich drop e Kontrakt bei Lampre-Daikin. 1999 huet hie mat sengem mat sengem Coequipier Raivis Belohvosciks den CLM an der Koppel, de GP Europa gewonnen, an d'Joer drop eng Etapp um Tour de Pologne.

Hie war dräimol um Tour de France dobäi, a gouf um Tour 2001, 52. am Generalklassement. Beim Tour du Pays Basque 2003 huet hien eng Etapp gewonnen, an hie war den Éischten am Biergpräis.

2005 huet hie bei déi spuenesch ProTour-Ekipp Saunier Duval-Prodir gewiesselt. Hie gouf dat Joer och italieenesche Landesmeeschter am Contre-la-montre.

Vun 2007 u fiert hie bei T-Mobile.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]