Marco Serafini

Vu Wikipedia
Marco Serafini
Gebuer 15. Mäerz 1956
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg, Italien
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

De Marco Serafini, gebuer de 15. Mäerz 1956 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Film- an Televisiounsregisseur.

No der Première huet de Serafini als Filmkritiker bei verschiddenen Zeitungen a Fachzäitschrëfte geschafft, a vun 1975 bis 1979 un der Hochschule für Fernsehen und Film zu München studéiert. Wärend dem Studium huet hien als Script, Produktiounsmeeschter a Produktiounsdirekter geschafft.

Spéider huet hie sech als Regisseur vun iwwer 150 Fernseefilmer en Numm gemaach, besonnesch bei de Serië Schwarz Rot Gold, Anderland, Jolly Joker, Familie Heinz Becker, Im Namen des Gesetzes, Inseln unter dem Wind, Die Küstenwache, Ein Fall fir Schwarz, Die Brüder, Barbara Wood, Kommissar Rex a Polizeiruf 110.

2017 huet hien de Kinosfilm Toy Gun mam Anthony LaPaglia, dem Federico Castelluccio, dem Julian Sands, dem John Hannah an der Hana Sofia Lopes gedréint.

Donieft huet hien Industriefilmer an eng Hellewull Reklammsspotte gedréint.

De Serafini lieft mat senger Fra, der Dréibuchauteurin Susanne Hertel, zu München-Schwabing an zu Bracciano.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]