Marcotty-Bréck

Vu Wikipedia
Marcotty Bréck

D'Marcotty-Bréck ass eng Hiefklappbréck zu Angleur bei Léck.

Et ass eng Bréck, déi mat Kontergewiichter an d'Luucht gehuewe gëtt.

Dës sinn op dëser Bréck gutt ze gesinn, well se baussen op enger Achs um Potto ubruecht sinn.

Bei grousse Brécken, wéi der Tower-Bréck si se verstoppt.

D'Bréck ass knapps 5 Meter laang a si huet den Numm vun der Strooss déi driwwer geet.

Si féiert iwwer den Ourthekanal a steet op de Mauere vum Schleisekapp, déi den ieweschte Schleisebaseng vun der Angleur-Schleis vum ënneschte vun der Chênée-Schleis trennen.

Zanter uganks 2010 ass d'Bréck fir den Autosverkéier gespaart.