Mare (Mound)

Vu Wikipedia
Mare Imbrium mat dem grousse Kopernikuskrater um ieweschte Bildrand (Apollo 17, NASA)

Als Mare (laténgesch, Pluriel Maria, "Mier") ginn déi donkel Déiffläche vum Äerdmound bezeechent, déi bei der Observatioun mat bloussem A dat opfällegst Zeechen op der Mounduewerfläch sinn.

Zu de Maria ginn och anescht bezeechent, änlech entstane Moundfläche gezielt, well dës sech ausser duerch hir Gréisst net weider vun engem eigentleche Mare ënnerscheeden. Zu dëse Bezeechnungen zielen:

  • Oceanus ("Ozean"), eenzege Vertrieder den Oceanus Procellarum, genannt wéinst senger grousse Fläch
  • Lacus (Méizuel: lacūs, "Séi"), kleng Lavaflächen
  • Palus (Méizuel: paludes, "Mouer"), onkloer gezeechent Randberäicher vu gréissere Flächen
  • Sinus (Méizuel: sinūs, "Bucht"), méi oder manner kreesfërmeg Ausbuchtungen an engem Mare, meeschtens entstanen duerch Iwwerflutung mat deelweiser Glättung vum Kraterrampli

Verdeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Maria huele 16,9 % vun der Mounduewerfläch an, woubäi d'Verdeelung net gläichméisseg ass: Op der Viischter Säit huele si 31,2 % an, op der Récksäit nëmmen 2,6 %. Déi opfälleg Gruppéierung op der äerdnoer Säit läit gréisstendeels op der nërdlecher Hallschent a formt dat volkstümlech sougenannt "Moundgesiicht".

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

D'Gravitatiounsfeld vum Mare Serenitatis (ënnen) souwéi d'Topographie (uewen), de Mascon ass am Zentrum däitlech z'erkennen (NASA)

An der Fréizäit vun der Moundfuerschung goufen déi donkel Flächen tatsächlech fir Miere gehalen a goufen dofir vum Giovanni Riccioli als Maria bezeechent.

Tatsächlech sinn d'Maria verstengert Lavadecken am Zentrum vu kreesfërmege Becken an onreegelméissegen Asenkungen. D'Depressioune si warscheinlech duerch grouss Aschléi an der Fréiphas vum Mound entstanen. Well an dësem Entwécklungsstadium de Moundmantel nach flësseg war, goufen hir Biedem uschléissend vun opsteigendem Magma geflut. D'Aschlagkierper verännerten dat lokaalt Schwéierfeld vum Mound a sinn haut nach als sougenannt Mascone (vum Englesche mass concentration, "Massekonzentratioun") ze gesinn. Déi dënn Krustendéckt vun der äerdzougedréiter Moundsäit hat d'Magmaaustrëtter géintiwwer deenen op der Récksäit staark begënstegt. Dat donkelt Maregestengs gëtt och als Lunabas bezeechent. D'Maria si vun enger 2 bis 8 Meter décker Regolithschicht bedeckt, déi räich un Eisen a Magnesium ass.

Den däischtere Basalt huet en Alter vun 3,1 bis 3,8 Milliarde Joer. D'Flächen hunn nëmme wéineg Krateren a mat Ausnam vun dëse weise si nëmme kleng Héichtenënnerschidder vu maximal 100 Meter op. Zu dëse Bierger gehéieren d'Dorsa. Dës flaach hiwweleg Récker strecke sech iwwer en ettlech Dose Kilometer.

Interaktiv Kaart[änneren | Quelltext änneren]

Op dëser Foto vum Äerdmound sinn déi gréisst Strukture mat den entspriechende Wikipediaaschreiwunge verlinkt. D'Nimm erschéngen nieft dem Curseur. D'Moundachs ass op dësem Bild ongeféier 45 Grad no lénks gebéit.

WeltallMare ImbriumMare TranquillitatisMare SerenitatisMare CrisiumMare FecunditatisMare NectarisMare FrigorisMare FrigorisMare FrigorisOceanus ProcellarumOceanus ProcellarumMare HumorumMare NubiumMare CognitumMare VaporumSinus AestuumKopernikusKeplerTychoKaukasusApeninnenAlpenPlatoÄerdmound
Weltall

Ausser de Maria sinn och e puer Krater a Biergzich agezeechent.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mare – Biller, Videoen oder Audiodateien