Mare Nubium
De Mare Nubium (lat: fir „Wollekemier“) ass eent vun de 7 gréisste Moundmierer. Et ass een aalt Mier, deem säin Déifland mat erstarrtem Magma resp. Lava bedeckt ass. Et läit am Südwest-Quadrant vun der visueller viischter Moundsäit an ass schonns mat bloussem A däitlech als donkle gefränjeslte Fleck ze gesinn.
Seng liicht gewellt Fläch ass bal kreesfërmeg an huet e mëttleren Duerchmiesser vu 715 km – also bal e Fënneftel vum Moundduerchmiesser.
D'selenographesch Koordinate vum Zentrum sinn 21° 18' Süd, 16° 36' West.
Fir geologesch interesséiert Amateurastronomen ass déi Moundlandschaft e besonnesche Genoss, well verschidde Linnestrukturen an terrassenaerteg Terrainsniveaue vun der aler Lavadecken an déi zerklüfte Kraterränner interessant Schieter werfen an doduerch och speziell Héichtemiessungen zouloossen.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken
Um Spaweck [änneren]
| Maria | Anguis - Australe - Cognitum - Crisium - Fecunditatis - Frigoris - Humboldtianum - Humorum - Imbrium - Ingenii - Insularum - Marginis - Moscoviense - Nectaris - Nubium - Orientale - Serenitatis - Smythii - Spumans - Tranquillitatis - Undarum - Vaporum |
| Oceanus | Procellarum |
| Lacus | Aestatis - Autumni - Bonitatis - Doloris - Excellentiae - Felicitatis - Gaudii - Hiemalis - Lenitatis - Luxuriae - Mortis - Oblivionis - Odii - Perseverantiae - Solitudinis - Somniorum - Spei - Temporis - Timoris - Veris |
| Sinus | Aestuum - Amoris - Asperitatis - Concordiae - Fidei - Honoris - Iridum - Lunicus - Medii - Roris - Successus |
| Paludes | Epidemiarum - Putredinis - Somni |