Mare Orientale

Vu Wikipedia
De Mare Orientale an de Rook-Biergrank. Riets de Lacus Veris

D'Mare Orientale (ëstlecht Mier) ass e grousst Mare op eisem Äerdmound. Et ass eng lavagefëllt Dält. Et läit entgéint dem Numm am Weste vum Mound op der Grenz vu Viischter- a Récksäit an ass vun der Äerd aus, nëmme bei extreemer Libratioun deelweis ze gesinn. Fotoe vum Moundorbiter weisen eng riseg, 4-fach Rankstruktur vun 300 bis 1000 km, där hir mëttelst Réng vun zwou kreesfërmegen, 5 km héije Biergkette geformt ginn. Et ass nom Mare Imbrium dat zweetgréisst Aschlagbecke vum Mound.

D'Mëtte vum Moundmier huet d'selenographesch Koordinaten 19,4° Süd an 92,8° West. Den Numm Orientale staamt nach aus der Zäit vu virun der Raumfaart, wou een d'Ost- a Westrichtung an astronomescher Siicht vun der Äerd op d'Mounduewerfläch iwwerdroen huet.

Enn vum „Grousse Bombardement“[änneren | Quelltext änneren]

De Mare am Bildzentrum, vun der Sond Galileo aus gesinn

D'Ostmier ass selenologesch dat jéngst Mare um Äerdmound a virun 3,85 Mrd. Joer um Enn vum grousse Bombardement entstanen. Am Géigesaz zu anere Maria ass et nëmmen deelweis mat Basalt nom Aschlag vum Asteroid geflut ginn, well d'Moundkuuscht do méi déck ass. Dofir sinn nach relativ vill vun de fréieren Aschlagstrukturen z'erkennen. Déi donkel, glat Mare-Fläch am mëttleren Deel huet am Duerchmiesser ongeféier 300 km an ass vun dräi konzentresche Rankstrukturen ëmginn, déi deene gläichen, wéi wann een e Steen an d'Waasser geheit. Den Duerchmiesser vum baussenzege Wall ass ronn 950 km. Säin ëstlechen Deel gëtt vun de Montes Cordillera geformt an ass um Moundrand nach siichtbar.

Déi gutt erhale Rankstruktur gëtt nëmme vun e puer jonke Krateren duerchbrach, vun deenen déi dräi gréisst – Lovell, Maunder a Shaler – 120 bis 140 km miessen. Um baussenzegen Nordostrand schléisst direkt den 180 km grousse Krater Schlüter sech un. Tëscht de Biergréng Cordillera a Rook hu sech zwéi schmuel Lava„séie“ geformt, déi Lacus Veris a Lacus Autumni heeschen.

Mascon a Schwéierfeld[änneren | Quelltext änneren]

Schwéieranomalien op der Viischter- a Moundrécksäit (rout +300, blo −300 mgal). D'Mare Orientale ass un de béide baussenzege Ränner z'erkennen.

Ënner dem Mare Orientale konnte schonn déi éischt Moundorbiter staark Bunnstéierunge feststellen, déi vun engem grousse Mascon ënner der Lavadecke verursaacht ginn. Nom groussen Aschlag huet d'Moundkuuscht en neit Gläichgewiicht opgebaut, an dat awer méi spéit – nom Erstarren;– schwéiert Magma eropgequollen ass. Dogéint hunn déi duerch Schockwellen entstane konzentresch Rankbierger (bloe Rank um rietse Bildrand) staark negativ Schwéieranomalien, well si anscheinend méi déif an de Moundmantel ginn (Isostasie).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Patrick Moore et al: Atlas des Sonnensystems (v. a. Mondrückseite, Westregion). 465 p., Herder-Verlag Freiburg-Basel-Wien, ongeféier 1990
  • J. Oberst et al.: Von den Apollo-Landunge bis heute (Geschichte der Oberfläche, Mare, Höhenmodelle). Sterne und Weltraum 8/1999, s. a. [1]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]