Margaret Geller

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Margaret Joan Geller, gebuer den 8. Dezember 1947 zu Ithaca, New York, USA ass eng US-amerikanesch Astrophysikerin.

Inhaltsverzeechnes

Liewen [änneren]

D'Margaret Geller ass d'Duechter vum Kristallograph Seymour Geller a senger Fra Sarah Levine Geller. Schonn als Kand huet si sech staark fir d'Mathematik intresséiert. 1970 krut se hire Bachelor op der University of California, Berkeley. Den Charles Kittel huet hir virgeschloen a Richtung Astrophysik oder Biophysik ze studéieren. Si hat sech fir Astrophysik entscheed an huet am Joer 1972 hire Master gemaach an dräi Joer méi spéit op der Princeton Universitéit hiren Doktortitel. Vun 1974 bis 1976 war si Post-Dokterand am Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics, duerno Fellow um Harvard College Observatoire an 1980 bis 1983 Assistenzprofessesch op der Harvard Universitéit. Zënter 1983 schafft si am Smithsonian Astrophysical Observatory an ass zënter 1988 zousätzlech Astronomieprofessesch op der Harvard University.

D'Verdeelung vun de Galaxien am Universum ass net gläichméisseg. D' Originalbild vun 1986 enthält och de bekannte Stréchmännchen

D'Geller huet d'Universum kartographéiert a widderleet d'Hypothes, datt d'Galaxien op grousse Moossstief gläichfërmeg verdeelt sinn. Dozou huet si mat hire Mataarbechter d'Routverrécklung vu 584 Galaxië fir d'éischt vermooss. Op der Kaart déi si opgestallt huet, sinn d'Galaxië kengesfalls zoufälleg verdeelt, mä wéi an enger schaumaarteger Struktur verdeelt.[1] Berühmt gouf och de „Stréchmännchen“ an deem Diagramm. Si huet 1989 mam John Huchra déi Grouss Mauer entdeckt, déi bis dohi gréisste Struktur am Universum.[2] Ausserdeem interesséiert si sech fir d'Verdeelung vun der Donkler Matière am Kosmos souwéi fir d'Mass am Halo vun eiser Mëllechstrooss, fir Galaxiëkéip a fir d'Stärgenesis.

Publikatiounen [änneren]

  • 1975 Bright Galaxies in Rich Clusters: A Statistical Model for Magnitude Distributions. Dissertatioun,
  • méi wéi 200 wëssenschaftlech Aarbechten
  • Filmer (all an Zesummenaarbecht mam Boyd Estus):
    • 1989 Mapping The Universe (5 Minutten)
    • 1989 Where The Galaxies Are (8 Minutten)
    • 1993 So Many Galaxies... So Little Time (40 Minutten)
    • 1996 Fred and Ginger on the Universe (Kurzfilm)

Präisser [änneren]

Member bei [änneren]

Literatur [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Referenzen [änneren]

  1. Valérie de Lapparent, Margaret J. Geller, John P. Huchra: A Slice of the universe. In: Astrophysical Journal. 1986, Band 302, S. L1–L5.
  2. Margaret J. Geller, John P. Huchra: Mapping the universe. In: Science. 1989, Band 246, S. 897–903.