Margot Wallström

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Margot Wallström

D'Margot Wallström gebuer den 28. September 1954, ass eng schwedesch Politikerin (Sozialdemokraten).

Si war Deputéiert am schwedesche Parlament a vun 1988 bis 1993 Ministesch fir Konsumenteschutz, Fraen a Jugend, vun 1994 bis 1996 fir Kultur an dono bis 1998 fir Soziales. Si war ausserdem Presidentin vun engem privaten Televisiounssender a Schweden a Vizepresidentin vun engem zu Colombo (Sri Lanka).

Vun 1999 bis 2004 war si an derEuropäescher Kommissioun ënnert dem President Romano Prodi fir den Dossier Ëmwelt zoustänneg, a vun 2004-2010 war si, ënnert der Présidence vum José Manuel Barroso, Vizepresidentin vun der Kommissioun, zoustänneg fir Institutiounen a Kommunikatiounsstrategie.

D'Margot Wallström ass bestuet an huet zwee Kanner.


Commons: Margot Wallström – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen