Margréitchen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Margréitchen | |||||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Bellis perennis |
|||||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
| Bellis perennis L. |
|||||||||||||||||||
D'Margréitchen, Bellis perennis L., ass eng Planz aus der Famill vun den Asteraceae déi e puer Joer erëmkennt, an an de Wise wiisst.
D'Bléi ass meeschtens wäiss, kann awer och liicht rosa sinn. De Bléiekapp huet en Duerchmiesser vun 2-5 cm, an an der Mëtt dervunner ass e giele Knapp. Se blitt vu Februar bis August.
D'Planz déi an Europa an an der Tierkei doheem ass, gëtt tëscht 5 an 20 cm héich. D'Blieder sinn 1-6 cm laang, an hunn eng kräfteg gréng Faarf.
Kuckt och [änneren]
- D'Margréitchen, e Lidd vum Michel Lentz (Text) a Laurent Menager (Musek)
- Lëscht vu lëtzebuergesche Planzennimm
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Bellis perennis – Biller, Videoen oder Audiodateien |