Margret Steckel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Margret Steckel, gebuer de 26. Abrëll 1934 zu Ehmkendorf, engem Uertsdeel vun der Gemeng Stubbendorf (Tessin) a Mecklenburg, ass eng Schrëftstellerin.
No hirem Abitur huet si 1955 d'DDR verlooss, an zu West-Berlin en engleschsproochegen Dolmetscherexame gemaach. Dat huet hir et erlaabt beim Film agestallt ze ginn als Assistentin fir Dramaturgie a fir Dréibuch.
Si huet sech 1964 bestuet a sech duerno 14 Joer an Irland, an an England opgehalen. Si huet zwéi Jongen a si wunnt zënter 1983 zu Lëtzebuerg.
Si huet a Kulturzäitschrëften, dem Lëtzebuerger Almanach, der Galerie an an de Westermanns Monatshefter publizéiert.
D'Margret Steckel ass Member am P.E.N.-Zentrum Deutschland.
Inhaltsverzeechnes |
Auszeechnungen [änneren]
- 1982 krut si den Literaturpreis für Kurzprosa der Hamburger Autorenvereinigung an
- 1997 de Servais-Präis fir Der Letzte vom Bayrischen Platz
Wierker [änneren]
- Aus-weg-los, Hamburg: Lamda, 1989. Eng Erzielung.
- Nachttage -ein irisches Intermezzo, München: Ehrenwirt 1993.
- Nie wieder nirgendwo, Bad Münstereifel: Westgrenzverlag 1993.
- Der Letzte vom Bayrischen Platz, Echternach: Editions Phi 1996. Prix Servais.
- Die Träne aus der Wand, Rostock: Neuer Hochschulschriftenverlag 2000.
- Rosen, Rosen, Dräi Novellen, Echternach: Editions Phi 2000.
- Die Schauspielerin und ich, Roman, 2003, 392 Säiten, Editions PHI, Esch-Uelzecht
- Das letzte Konzept, Roman, 2007, 116 Säiten, Editions PHI, Esch-Uelzecht. Dëst ass eng Neioplo vum Aus-weg-los
- Auf Rufweite, Erzielung, 2007, 160 Säiten, Op der Lay, Esch-Sauer
- Servais - Roman einer Familie ; Lëtzebuerg, 'Éditions Guy Binsfeld', 2010; 590 Säiten. ISBN 978-2-87954-228-7
Kritiken [änneren]
- De Jacques Wirion kommentéiert Das letzte Konzept an der Warte Nummer 33/2203 vum 6. Dezember 2007.
- "Gretchen ist keine Siegerin" vum Jacques Wirion am L.L. vum 23.12.07.