Marguerite-Séraphine Beving

Vu Wikipedia
Marguerite-Séraphine Beving
Gebuer 27. Januar 1818
Iechternach
Gestuerwen 24. Januar 1873
Lëtzebuerg
Aktivitéit Nonn
Famill
Bestuet mat Pierre-Antoine Pescatore
Papp Jean Charles Beving
Kanner Dominique-Antoine Pescatore


D'Marguerite-Séraphine Beving, gebuer de 27. Januar[1] 1818 zu Iechternach, a gestuerwen de 24. Januar 1873 an der Stad Lëtzebuerg, war d'Grënnerin vum Weesenhaus zu Izeg, vun engem Altersheem zu Gréiwemaacher an zesumme mat hirem Bouf Dominique-Antoine war si d'Haaptstëfterin vun der Clausener Kierch.

Si war d'Duechter vum Charles Beving an der Marguerite Françoise Pescatore, an hat sech den 2. September 1841 zu Mäertert mat hirem Koseng dem Pierre-Antoine Pescatore bestuet. Nom Doud vun hirem Mann am Joer 1844 huet si sech ëm d'Educatioun vun hirem Bouf Dominique, an dem Émilie, dat aus dem éischte Bestietnes vum Pescatore mat der Émilie S. C. Dalen koum, bekëmmert, an huet als déifreliéis Fra d'Franziskanerinnen zu Lëtzebuerg staark ënnerstëtzt.

Sou huet si hinnen de 6. August 1873 hir Proprietéit zu Izeg, d'Teschenhaus, geschenkt, fir datt déi do konnten e Weesenhaus ariichten.

Um Fëschmaart hat si dat fréiert Dominikanerklouschter kaaft, an de Franziskanerinne vermaach. Do gouf eng Aeklinik ageriicht, an där aarm Leit gratis behandelt goufen. Si selwer, déi nom Doud vun hirem Mann an de Franziskanerinnenuerden agetruede war, huet do aktiv matgeschafft.

Zu Bouneweg, an der Stad Lëtzebuerg, ass eng Strooss no hir benannt.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsdatum nom Gebuertsregëster vum Joer 1818 vun der Stad Iechternach. Beim Jules Mersch Säit 514 steet iertemlecherweis de 25.01.1818; dësen Datum (25. Januar) fënnt een och beim: G. Spedener (1937): Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Grevenmacher, P. Faber, Säit 10; a beim: A. Wehenkel (2002): Chronique de la famille Pescatore. Luxembourg, Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique, Säit 133; op der Säit 66 steet de richtegen Datum. Am "Luxemburger Lexikon", Säit 48, steet och de richtegen Datum (27.01.1818).