Maria Moes

Vu Wikipedia
Maria Moes
Portrait als Nonn (virun 1899)
Gebuer 28. Oktober 1828
Réimech
Gestuerwen 18. Dezember 1899
Saint Paul
Nationalitéit USA
Aktivitéit Nonn

D'Maria Catherine Moes, mam Uerdensnumm Mary Alfred Moes, gebuer als Catherine Moes den 28. Oktober 1828[1] an der Maachergaass zu Réimech a gestuerwen den 18. Dezember 1899 zu St. Paul, Minnesota (USA) war eng lëtzebuergesch Nonn déi staark un der Grënnung vun zwéi Franziskaneruerde bedeelegt war. Dat waren zu Joliet, Illinois, d'Sisters of St. Francis of Mary Immaculate an zu Rochester, Minnesota, d'Sisters of Saint Francis. Si war och d'Grënnerin vum St. Mary's Hospital vu Rochester, enger Klinick déi méi spéit en Deel vun der Mayo Clinic gouf.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Maria Moes war dat jéngst vu siwe Kanner vum Gerard Moes, engem Houfschmadd, a senger Fra Anne Marie Botzem. No enger Priedegt vum Bëschof John Henni vu Milwaukee ass si mat hirer Schwëster Catherine an Amerika ausgewandert. De Bëschof hat dovu geschwat, datt an Amerika Enseignante gebraucht géifen, absënns bei den amerikaneschen Urawunner. Béid Schwëstere waren an der Musek an an der Konscht héich gebilt. Nieft dem Lëtzebuergeschen hu si nach Franséisch, Däitsch an Englesch geschwat an hate Mathematik an Architektur studéiert.

Se sinn de 27. September 1851 mat engem Schëff vu Le Havre aus op New York gefuer.

Vun 1852 bis 1863 hu si bei de Schoulschwëstere vun Notre-Dame zu Milwaukee am Wisconsin gelieft an duerno bei de Schwëstere vum Hellege Kräiz zu South Bend, Indiana. Do hunn déi zwou Schwësteren hir Uerdensnimm Schwëster Mary Alfred (Maria Catherine) a Schwëster Barbara (Catherine) ugeholl. Si hunn allebéid d'Nonne vum Hellege Kräiz verlooss a goufen den 1. Juni 1863 am Drëtten Uerde vum Hellege Franziskus opgeholl.

Illinois[änneren | Quelltext änneren]

Op Invitatioun vum Paschtouer vun Joliet, Illinois, si se dohi geplënnert an hunn do ugefaange Schoul ze halen.

Den 31. Juli 1864 huet de Blëtz an d'Kierch vum Jang den Deefer geschloen, woubäi eng jonk Fra ëm d'Liewe koum. Doropshin huet de Wittmann gefrot fir datt d'Schwëstere seng Kanner sollten zillen. Dës onerwaart Aarbecht huet sech geschwënn expandéiert, an d'Schwësteren hunn ugefaange sech ëm Weesekanner ze këmmeren. Se hunn och Internatsschüler a Kandidate fir d'Gemeinschaft opgeholl. D'Schwësteren hu séier missen e méi grousst Haus kafen an hunn doropshin d'St. Francis Meederchersschoul opgemaach.

Nodeems d'Schwëster Mary Alfred am Summer 1865 vum Franziskanerpater Pamfilo da Magliano gefrot gi war fir an d'St. Bonaventura Klouschter an den Allegany County, New York ze kommen, gouf si Generaloberin vun der neier Kongregatioun Sisters of St. Francis of Mary Immaculate.

1869 haten d'Nonnen eng nei Schoul gebaut, d'St. Francis Academy, wou Coursë fir Meedercher am Alter vu 3 bis 20 Joer ugebuede goufen an et si Studentinnen aus dem ganze Land ugezu ginn. Paschtéier aus der ganzer Natioun hu probéiert datt d'Nonne géifen an hir Par komme fir Schoul ze halen, absënns do wou et eng net-engleschsproocheg Populatioun gouf.

Minnesota[änneren | Quelltext änneren]

D'Oberin Mary Alfred huet geplangt fir d'Schoul nach méi ze vergréisseren, wat awer dem zoustännege Bëschof Foley en Dar am A war an hien huet si kuerzerhand duerch d'Schwëster Alberta als Oberin ersat. D'Mary Alfred gouf dunn op Rochester versat fir do d'Muttergottes vu Lourdes Schoul ze grënnen. Kuerz nodeems déi Schoul opgoung, huet de Bëschof Foley d'Mary Alfred aus der Kongregatioun ausgeschloss. Vun all den Nonnen aus der Kongregatioun hunn der 92 decidéiert zu Joliet ze bleiwen, 25 sinn der mat der Mary Alfred an de Minnesota gaangen, wou se e puer Schoulen an de Schwësteruerde vum Hellege Franziskus vu Lourdes gegrënnt hunn.

Den 21. August 1883 huet en Tornado d'Stad Rochester zerstéiert an d'Schwëster Mary Alfred huet erkannt, datt eng Klinick an der Stad misst opgoen. Si huet dem Dokter William Worrall Mayo proposéiert, datt d'Nonnen eng Klinick geréiere géifen, wann hie mat sengen zwéi Bouwen als Dokter do schaffe géifen. D'St. Mary's Hospital gouf den 30. September 1889 opgemaach an ass haut en Deel vun der weltwäit bekannter Mayo Clinic.

D'Schwëster Mary Alfred ass 1899, am Alter vun 71 Joer gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kraman, Carlan, O.S.F. Odyssey in Faith: The Story of Mother Alfred Moes. Rochester, MN: Sisters of St. Francis, 1990.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maria Moes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 74/1828 vun der Gemeng Réimech