Marianne Brosius-Kolber
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Marianne Brosius-Kolber, gebuer den 19. Abrëll 1964, ass eng lëtzebuergesch CSV-Politikerin.
No hirer Ausbildung als Infirmière an der Clinique Ste Elisabeth huet d'Marianne Brosius-Kolber während 25 Joer an deem Beruff geschafft. De Moment ass si Responsabel vum Accueil gérontologique am CIPA um Houwald.
2004 gouf Marianne Brosius-Kolber an de Gemengerot gewielt, an zënter November 2005 ass si Buergermeeschtesch vun der Gemeng Fëschbech bei Miersch.
D'Marianne Brosius-Kolber wunnt zu Schous, ass bestuet a Mamm vun 2 Kanner.