Marie-Astrid vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Marie-Astrid vu Lëtzebuerg
Titelen
Prinzessin vu Lëtzebuerg
Äerzherzogin vun Éisträich
Biographie
Gebuer 17. Februar 1954
Schlass Betzder
Papp Jean vu Lëtzebuerg
Mamm Joséphine-Charlotte vun der Belsch
Geschwëster Margaretha vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg
1968 op enger Benelux-Konschtausstellung.

D'Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, bestuet Äerzherzogin Marie-Astrid vun Éisträich, mam vollen Numm Liliane Charlotte Léopoldine Wilhelmine Ingeborg Antonia/Antoinette Élisabeth/Elisabeth Anne/Anna Alberte/Alberta von Habsburg-Lothringen, gebuer de 17. Februar 1954 op Schlass Betzder, ass déi eelst Duechter an dat éischt Kand vum Groussherzog Jean an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte. Deementspriechend ass si d'grouss Schwëster vum aktuelle Groussherzog Henri.

Si ass zu Lëtzebuerg an an der Belsch an d'Schoul gaangen an huet eng Ausbildung als Infirmière gemaach, fir déi se 1977 en Infirmières-Diplom mat Spezialiséierung an tropescher Medezin vum Institut Prince Léopold krut. Zanter 1970 ass si Presidentin vun der Jugendsektioun vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.

De 6. Februar 1982 huet si an der Stad Lëtzebuerg den Äerzherzog Carl Christian vun Éisträich bestuet, e klenge Koseng vun hir.

Si hu 5 Kanner:

  • Äerzherzogin Marie Christine vun Éisträich (gebuer den 31. Juli, 1983), Gräfin vu Limburg-Stirum (bestuet mam Grof Rodolphe de Limburg-Stirum)
  • Äerzherzog Imre vun Éisträich (gebuer den 8. Dezember 1985)
  • Äerzherzog Christoph vun Éisträich (gebuer den 2. Februar 1988)
  • Äerzherzog Alexander vun Éisträich(gebuer de 26. September 1990)
  • Äerzherzogin Gabriella vun Éisträich (gebuer de 26. Mäerz 1994)

No hir benannt goufen ë. a. e Spidol, eng Chorale, e Fliger vun der Luxair an e puer Muselschëffer; op engem dovu gouf d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen.