Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg
Gebuer 2. August 1925
Colmer-Bierg
Gestuerwen 9. Februar 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Famill
Bestuet mat Knud vun Holstein-Ledreborg
Papp Felix vu Bourbon-Parma
Mamm Charlotte vu Lëtzebuerg
Geschwëster Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Charles vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg

D'Marie Gabrielle Aldegunde Wilhelmine Louise, gebuer den 2. August 1925 op Schlass Bierg an gestuerwen den 9. Februar 2023 war eng lëtzebuergesch Prinzessin, Duechter vun der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg an hirem Mann, dem Prënz Felix.

Si ass als Prinzessin vu Lëtzebuerg, Prinzessin vun Nassau, Prinzessin vu Bourbon-Parma gebuer an huet sech de 6. November 1951 mam Knud Johan Ludvig lensgreve Holstein-Ledreborg (2. Oktober 1919 - 25. Juni 2001) bestuet. Hie war en däneschen Adlegen, Fils vum Joseph 6te Lensgreve Holstein-Ledreborg.

Si hate 7 Duechteren:

  • Monica Charlotte Louise Maria Lensgrevinde Holstein til Ledreborg, gebuer Ledreborg den 29. Juli 1952 a bestuet den 13. September 2003 mam Henri de Dompierre de Jonquières;
  • Lydia Adelaide Maria Lensgrevinde Holstein til Ledreborg, gebuer Ledreborg den 22. Februar 1955, a bestuet fir d'éischt den 8. August 1980 mam Eric vu Bourbon-Parma (gescheet 1999) a fir d'zweet den 31. Januar 2001 mam Martin Bergsøe;
  • Veronica Birgitte Maria Lensgrevinde Holstein til Ledreborg, gebuer Ledreborg den 29. Januar 1956, bestuet den 18. August 1979 mam François Bruno de Pottère;
  • Silvia Charlotte Maria Lensgrevinde Holstein til Ledreborg, gebuer Ledreborg, den 1. Januar 1958 a bestuet de 4. August 1979 mam John Munro;
  • Camilla Josephine Marie Lensgrevinde Holstein til Ledreborg, gebuer Ledreborg, de 26. Februar 1959 a bestuet den 11. Januar 1986 mam Eric Rudolf Friherr Bertouch-Lehn til Højbygaard and Lungholm (gescheet 1995);
  • Tatiana Alix Marie Lensgrevinde Holstein til Ledreborg, gebuer Ledreborg, de 25. Abrëll 1961 a bestuet de 14. August 1999 mam Mark von Riedemann;
  • Antonia Charlotte Jeanette Marie Lensgrevinde Holstein til Ledreborg, gebuer Ledreborg, den 19. Juni 1962 an haut konsekréiert Sëschter vun der Emmanuel-Communautéit.