Marie-Joseph Motier de La Fayette

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem franséische Marquis de La Fayette. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Lafayette.
Marie-Joseph Motier de La Fayette
Gebuer 6. September 1757
Chavaniac-Lafayette
Gestuerwen 20. Mee 1834
1. Arrondissement von Paris
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Frankräich, USA
Educatioun Universitéit vu Paräis,
Lycée Louis-le-Grand,
Collège du Plessis
Aktivitéit Offizéier, Politiker, Aristokrat, Arméisoffizéier
Partei Club des Feuillants
Member vun American Philosophical Society, American Academy of Arts and Sciences, Emkendorfer Krees
Famill
Bestuet mat Adrienne de La Fayette
Papp Michel du Motier de La Fayette
Mamm Marie Louise Jolie de La Rivière
Kanner Georges Washington de La Fayette, Henriette du Motier, Anastasie Louise Pauline du Motier, Marie Antoinette Virginie du Motier

De Marie-Joseph Paul Yves Roch Gilbert du Motier, Marquis de la Fayette, gebuer de 6. September 1757 a gestuerwen den 20. Mee 1834, war e franséischen Adelegen an Offizéier, dee virun allem duerch säin Asaz am Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich bekannt ginn ass. Hien huet a verschiddenen Ofstänn um franséische politesche Liewe vun der Revolutioun bis zu der Julimonarchie deelgeholl, wou hien ee vun de grousse liberalen Notabele war.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De La Fayette ass de 6. September 1757 um Schlass vu Chavaniac bei Brioude (Haute-Loire) an enger adeleger Famill mat Originne bis an d'11. Joerhonnert op d'Welt komm. Säi Papp, de Michel Louis Christophe Roch Gilbert Paulette du Motier, Marquis de La Fayette, war Colonel vun de Grenadéier an ass der Schluecht vu Minden am Siwejärege Krich 1759 am Alter vu 25 Joer ëm d'Liewe komm. Seng Mamm, d'Marie-Louise Jolie de la Rivière, gebuer 1737 ass am Joer 1770 gestuerwen. Am Alter vun 13 Joer war de jonke Marquis de La Fayette e Weesekand mat enger zolitter Fortune.

Den de La Fayette huet säi Studium am Collège du Plessis zu Paräis ofgeschloss. Am Alter vu 16 Joer huet hie sech mat der Marie Adrienne Françoise de Noailles (†1807) bestuet. Aus deem Bestietnes goungen dräi Kanner ervir, den Georges Washington de La Fayette an zwou Diechter, wouvun déi eelst méi spéit de Charles de Latour-Maubourg bestuet huet an déi jénkst Duechter de M. de Lasteyrie. Den de La Fayette huet sech fir eng militäresch Karriär, wéi säi Papp, entscheet.

Den de La Fayette huet sech och um Haff vum Louis XVI. opgehalen, mä hat dem Mirabeau no, wéinst senge Manéieren a senger Sprooch wéineg Succès gehat[1].

Den Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich[änneren | Quelltext änneren]

1772 ass den de La Fayette an d'Maison militaire du Roi agetrueden. Éischt Nouvelle vun engem Opstand an Amerika koume 1775 an Europa. Den de La Fayette huet direkt Partie fir d'Kolonien ergraff, dëse Patriotismus a Fräiheetsgedanke war no sengem Goût. De jonke Kapitän vun den Dragouner hat 19 Joer wéi déi Dräizéng brittesch Kolonie vun Nordamerika hir Onofhängegkeet erkläert hunn.

Hie war schonn duerch de Benjamin Franklin sensibiliséiert ginn, deen den 20. Dezember 1776 op Paräis komm war an hien hat senger eegener Ausso no nëmmen nach ee Gedanken: Joindre les drapeaux.

Den de La Fayette an de Washington zu Valley Forge.

Zu Paräis huet hie säi Projet zwéi Frënn matgedeelt, dem Grof vu Ségur an dem Vicomte vun Noailles, déi beschloss hunn, hien ze begleeden. Obschonn de Grof vu Broglie net vun den Iddie vum jonke La Fayette begeeschtert war[2], huet hien de La Fayette mam Agent vum Choiseul a Kanada, dem Barong vu Kalb bekannt gemaach. Nodeem et zu neien Desastere fir d'Koloniste virun New York, White Plains an New Jersey komm war, huet sech de La Fayette e Schëff geleescht. Wéi den Haff duvu gewuer gouf, krut hie mat enger Lettre de cachet verbueden, an Amerika ze seegelen. Als Courrier verkleet, huet hien nawell Paräis verlooss, an ass zu Pasajes op säi Schëff komm, wat de 26. Abrëll 1777 fortgefuer ass.

Siwe Woche méi spéit ass en zu Georgetown am South Carolina ukomm, an huet sech op de Wee no Philadelphia gemaach. Hien huet dem Kongress seng Déngschter mat de Wierder ugebueden:

« C'est à l'heure du danger que je souhaite partager votre fortune [...] Je ne veux obtenir de vous qu'une seule faveur, celle de me battre comme un simple soldat, volontaire et sans solde ».

Den 31. Juli gouf hien als Generolmajouer an d'Arméi vun de Vereenegte Staaten opgeholl[3]. Den 11. September war hie bei der Schluecht vu Brandywine dobäi. Als iwwerzeegten Demokrat huet hie sech fir d'Demokratie, d'Ofschafe vun der Sklaverei an d'Mënscherechter agesat, déi den Thomas Jefferson 1776 am Virginia opgestallt hat. Hie gouf a Géigewaart vum George Washington an d'Fräimaurerloge vu Morristown opgeholl. Spéider war hie Member vun der Fräimaurerloge Contrat Social.

1778 ass Frankräich eng Allianz mat de Vereenegte Staaten agaangen, a Groussbritannien huet Frankräich de Krich erkläert. 1779 ass hien zeréck a Frankräich gereest, fir Militär- a Finanzmëttel z'organiséieren. Den 18. Februar 1780 ass hien hu Bord vun der Hermione nees an Amerika gereest, an ass den 28. Abrëll zu Boston ukomm. 1781 war hien um Virginia-Feldzuch bedeelegt, deen 1781 mat der Kapitulatioun vun de Britten zu Yorktown op en Enn gaangen ass.

Zeréck a Frankräich gouf hie groussaarteg empfaangen[4].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich.

Franséisch Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

De Marquis de La Fayette.

Als Porte-Parole vum liberalen Adel, Deputéierte vum Adel vun de Generalstänn an der Auvergne a Member vun der Société des amis des Noirs géint d'Sklaverei huet de La Fayette dovu gedreemt, e franséische Washington ze ginn. Zwéin Deeg nom Rapport vum Mounier iwwer eng franséisch Constitutioun huet den 11. Juli 1789 huet de La Fayette säi Projet fir eng Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter nom amerikanesche Virbild presentéiert. De 14. Juli gouf hien zum Vizepresident vun der Assemblée nationale ernannt, an d'Garde nationale huet hien zu hirem Kommandant gewielt. De 16. Juli huet de La Fayette den Uerder ginn, d'Bastille ofzerappen, an de 26. Juli huet hien de Paräisser Wieler déi nei Nationalfaarwe gewisen: d'Cocarde tricolore[5].

Bei den Evenementer vum 5. a 6. Oktober 1789, wéi d'Paräisser op Versailles gereest sinn, an de Kinnek Louis XVI. ëm Brout gefrot hunn, konnt de La Fayette eng Invasioun vum Schlass net verhënneren.

Zesumme mam Bailly huet hien de Club des Feuillants gegrënnt, als Géigestéck zu de Jakobiner an de 14. Juli 1790 huet hien d'Fest vun der Federatioun organiséiert.

De La Fayette gouf fir de Fluchtversuch vum Louis XVI. verantwortlech gemaach. Zesumme mam Bailly huet hie versicht eng Reunioun vun de Patrioten um Champ-de-Mars ze verhënneren, an et koum zum Massaker vum Champ-de-Mars wéi hien op d'Demonstrante schéisse gelooss huet. Dës Episod huet hie vill vu senger Popularitéit kascht, an de Marat huet an der Press eng Hetzcampagne géint den « Infâme Motier » ugefaangen. Den 8. Oktober 1791 huet de La Fayette demissionéiert a sech op Chavaniac zeréckgezunn.

D'Europäesch Muechten hunn der Revolutioun natierlech net nogekuckt, a sou huet et net laang gedauert, bis d'Éisträicher op de franséische Grenze stoungen. De La Fayette gouf un d'Spëtzt vun der Armée du Centre an duerno vun der Armée du Nord gestallt. De 25. Dezember 1791 ass hien op Metz gereest, wou hie säi Generalquartéier ageriicht huet. Et ass him natierlech net entgaange wat sech a Frankräich selwer ofgespillt huet, an datt dem Kinnek säi Liewen alles anescht wéi sécher war. De 16. Juni 1792 huet hie vu Maubeuge aus e Bréif geschriwwen, andeems hien d'Jakobiner denoncéiert huet, a wollt seng Arméi benotze fir eng konstitutionell Monarchie anzeféieren. Dëse Bréif gouf awer schlecht opgeholl, an de La Fayette konnt net géint Paräis goen, seng Arméi déi zu Pont-sur-Sambre stationéiert war, huet refuséiert. De Jean Gaillot de Mandat huet hien un der Spëtzt vun der Garde nationale ersat, an den 19. August 1792 gouf hien zum « Traître à la nation » erkläert.

Bei engem Fluchtversuch gouf de La Fayette vun den Éisträicher festgeholl, an un d'Preisen iwwerginn. 1795 koum hien nees an éisträichesch Gefaangenschaft a gouf op Ollmütz bruecht. Duerch den Traité vu Campo-Formio den 19. September 1797 koum de La Fayette zwar fräi, mä den Directoire huet him verbueden, nees a Frankräich zeréckzekommen. Säin Exil ass eréischt am Joer 1800 op en Enn gaangen an hien huet sech op säi Schlass vu Lagrange bei Courpalay zeréckgezunn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Franséisch Revolutioun an am Artikel Koalitiounskricher

Ënner dem Empire[änneren | Quelltext änneren]

Wéi den Napoléon a Frankräich de Premier Empire ausgeruff huet, huet sech de La Fayette ëmmer méi aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn. Wéi d'Légion d'honneur agefouert ginn ass, wollt de Keeser de La Fayette heiran ophuelen, mä dësen huet refuséiert. Säin Isolement huet den Napoléon gestéiert, dee Meenunge baussent sengem Gouvernement nëmme schlecht verdroen huet. No der Campagne vun Ulm huet den Napoléon aus Tockskäppegkeet dem George Washington de La Fayette, dem Jong vum La Fayette, eng Promotioun refuséiert. Eng Rees an Amerika konnt hie sech zu dësem Zäitpunkt net virstellen, aus Angscht de Keeser géif eng Réckrees a Frankräich net méi erlaben. Den Napoléon huet hien awer net aus den Ae verluer, a sot am Staatsrot:

« Tout le monde en France est corrigé, excepté Lafayette: vous le voyez tranquille, eh bien ! je vous dis, moi, qu'il est prêt à recommencer. »

1814 huet sech de La Fayette mat de Bourbonen zesummegedo, an zesumme mam Fouché un enger Ofsetzung vum Keeser geschafft. A senge Mémoires erzielt de Generol wéi frou hien ënner dem friddleche Regime vun der Restauratioun war. Hien ass och an den Tuileries op Besuch gewiescht, an der Kleedung vun engem Generol mat der wäisser Kokard. Dës Visite war allerdéngs déi eenzeg fir d'Bridder vum Louis XVI..

Obschonn de La Fayette net gutt mat der kinneklecher Famill auskomm ass, sou war hien dach alles anescht wéi begeeschtert, wéi den Napoléon 1815 nees a Frankräich zeréckkomm ass, an huet sech nees a säi Schlass zeréckgezunn.

1818 gouf hie vun de Wieler vun der Sarthe an d'Chamber gewielt an huet déi Positioun bis zu der Revolutioun vun 1830 bäibehalen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Premier Empire an am Artikel Franséisch Restauratioun

Spéidert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 1824 ass de La Fayette nach eemol zeréck an Amerika gereest, wou hie seng gréisst Erfolleger gefeiert hat. Spéider huet hien de Louis-Philippe ënnerstëtzt, fir op de franséischen Troun ze kommen, nodeem de Charles X. ofgedankt hat.

Doud vum La Fayette[änneren | Quelltext änneren]

Déi lescht Debatt un där de La Fayette deelgeholl huet, war eng d'Diskussioun iwwer d'Adress un den Troun am Januar 1834. Hien ass den 20. Mee 1834 duerch eng Blosekrankheet gestuerwen.

« M. de La Fayette vient de mourir. Le héros des deux mondes est allé dans le troisième. Sa mort n'a fait aucun effet politique. Il était devenu incommode et inutile à son parti, il était odieux aux autres, son rôle était fini. »[6]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • René de La Croix de Castries, La Fayette, Tallandier, Paräis, 2006. (ISBN 2-84734-302-4)
  • René de La Croix de Castries, La Fayette, pionnier de la liberté, Famot, Genf, 1978.
  • Louis Gottschalk, Lafayette and the close of the american revolution, UMI, Michigan, 1998.
  • Robert Legrand, La guerre d'Indépendance américaine et La Fayette, F. Paillart, Abbeville, 2006.
  • Gonzague Saint-Bris, La Fayette: la stature de la liberté, Filipacchi, Paräis, 1988. (ISBN 2-85018-472-1)
  • Étienne Taillemite, "La France, La Fayette et la guerre d'Amérique" in Comité de documentation historique de la marine: communications 1989-1990, 1992, Service historique de la marine, Vincennes, 1992.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marie-Joseph Motier de La Fayette – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Correspondance entre le comte de Mirabeau et le comte de la Marck, Band 2, S. 26.
  2. « J'ai vu mourir votre oncle en Italie, votre père à Minden, et je ne veux pas contribuer à la ruine de votre famille en vous laissant partir. » (Henri Doniol, Histoire de la participation de la France à l'établissement des Etats-Unis d'Amérique, Paräis, 1866 – 1899, Band II, S. 396 –401.)
  3. De 7. Juni 1777 huet hie senger Fra e Bréif geschriwwen: « Défenseur de cette liberté que j'idolâtre, libre moi-même plus que personne, en venant comme ami offrir mes services à cette république (des États-Unis) si intéressante, je n'y porte nul intérêt personnel. Le bonheur de l'Amérique est intimement lié au bonheur de toute l'humanité ; elle va devenir le respectable et sûr asile de la vertu, de l'honnêteté, de la tolérance, de l'égalité et d'une tranquille liberté. »
  4. D'Kinnigin Marie-Antoinette wollt d'Mme de La Fayette an hirer eegener Kutsch bis an den Hôtel de Noailles féieren. Um Haff war de La Fayette wärend e puer Deeg vun Hommagen ëmginn.
  5. « Cette cocarde fera le tour du monde. »
  6. Herzogin vu Maillé, Souvenirs; zitéiert vum Guy Antonetti, Louis-Philippe, Librairie Arthème Fayard, Paräis, 2002, S. 638.