Marie-Louise Tidick-Ulveling

Vu Wikipedia
Marie-Louise Tidick-Ulveling
Gebuer 14. Februar 1892
Gestuerwen 17. September 1989
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

D'Marie-Louise ("Mimy") Tidick-Ulveling, gebuer de 14. Februar 1892 zu Dikrech a gestuerwen de 17. September 1989 zu Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Autorin.

Hire Papp war de Paul Ulveling[1], Riichter zu Dikrech, a spéider President vum Ieweschte Geriichtshaff an der Stad. Hire Grousspapp war de Politiker a Jurist Georges Ulveling[2]. De Jean Ulveling war hiren Urgrousspapp.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Well et zu hirer Zäit nach kee richtege Meedercheslycée gouf, an hire Gesondheetszoustand net de beschte war, krut d'Mimy Privatcourse vun de Professeren Nicolas Braunshausen, Nicolas Schlottert a Pierre Weinachter. Duerno goung se op d'Universitéit Bonn Geschicht a Germanistik studéieren. Si war mol net zwee Joer bestuet, wéi hire Mann, den Affekot Charles Tidick, 1922 gestuerwen ass.

Bis den Ufank vum Zweete Weltkrich huet si bei enger Bank geschafft. Nodeem si do gekënnegt krut, hat si eng Plaz um Aarbechtsamt. Well si sech géint all Form vu Germaniséierung gewiert huet, gouf si och do no enger kuerzer Zäit entlooss. Hir Duechter d'Adeline Tidick gouf, wéi si als Lycéesschülerin refuséiert huet, Member vun der Hitlerjugend ze ginn, verhaft, a koum spéider an d'KZ Ravensbrück. Bis zum Enn vum Krich a bis hir Duechter befreit war, huet d'Marie-Luise Tidick-Ulveling aktiv an der Resistenz matgeschafft.

Hiert ganzt Liewen an hir literaresch Wierker stinn am Zeeche vum Kampf géint all Zort vun Ongerechtegkeet, Fanatismus an Intoleranz. Si huet sech scho fréi fir d'Rechter vun de Fraen agesat.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Der Hirtenknabe. Eng Erzielung 1911 erauskomm an der Westpfälzische Zeitung
  • Utopische Träume. 1920 an der lëtzebuergescher Zeitung Soziale Republik

Nom Krich huet si eng ganz Rei vun Erzielungen, Gedichter an aner Artikelen an Zeitungen an Zäitschrëfte wéi Die Luxemburgerin, Les Cahiers luxembourgeois, Tageblatt, Rappel, D'Lëtzebuerger Land, Revue an Ons stad publizéiert.

  • 1957: Funken der Hoffnung: Drei Novellen, Éditions du Centre, 62 S.
  • 1961: Im Zeichen der Flamme, Luxemburger Verl. Dr; Robert Hausemer, 165 S.
Neioplag 2010, virgestallt a kommentéiert vun der Sandra Schmit, Nouvelle bibliothèque du Luxembourg, 292 S. ISBN 978-2-919903-18-41963: Erlebt und beobachtet. ???
  • 1965: Verworrene Wege, Imprimerie Centrale, 127 S.
  • 1968: Traum und Wirklichkeit ???
  • 1978: Abglanz, Imprimerie Centrale, 96 S.
  • 1982: Von Gestern für heute: Gedichte, Skizzen und Erzählungen, Abteilung für Kunst und Literatur des Grossherzoglichen Institutes von Luxemburg, 147 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Marie Louise Ulveing op geneanet.org
  2. De Paul Ulveling op geneanet.org

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]