Marie Curie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Marie Skłodowska-Curie, gebuer de 7. November 1867 zu Warschau, a gestuerwen de 4. Juli 1934 zu Sancellemoz, an der Haute-Savoie, gebuere Maria Skłodowska, war eng polnesch-franséisch Chemikerin a Physikerin.
Si huet zwéin Nobelpräisser kritt. 1903 den Nobelpräis an der Physik an 1911 den Nobelpräis an der Chimie. Si war domadder och deen éischte Fuerscher, deen zwéin Nobelpräisser krut.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Hiert Liewen
D'Marie Skłodowska koum 1867 zu Warschau op d'Welt. Hir Eltere waren de Władysław Skłodowski an d'Bronisława Boguska. Si hat véier Schwësteren a Bridder. Well et an hirer Heemechtsstad fir Frae verbuede war ze studéieren, ass si mat hirer Schwëster op Paräis gaangen, an huet do Physik a Mathematik studéiert.
Si huet sech 1865 mam Pierre Curie bestuet, a krut zwee Meedecher, d'Irène an d'Ève.
Am Joer 1896 hunn di zwee e Phenomen erfuerscht, den den Henri Becquerel entdeckt hat. Et war eng Strahlung, déi d'Schwéiermetall Uran vu sech ginn huet. 1898 hu si nach aner Substanze fonnt déi déiselwecht Strahlung opweisen. Si goufen der Strahlung den Numm Radioaktivitéit. Am selwechte Joer hu si déi radioaktiv Elementer Polonium a Radium entdeckt.
1903 hunn d'Marie an de Pierre, zesumme mam Antoine Henri Becquerel, den Nobelpräis an der Physik kritt.
Nom Doud vun hirem Mann 1906 huet d'Marie him säi Posten als Professer op der Sorbonne iwwerholl a war domadder déi éischte Fra mat esou enger Positioun. Si krut 1911 den Nobelpräis an der Chimie.
1934 ass d'Marie u Leukämie gestuerwen, aller Wahrscheinlechkeet no duerch d'Folge vun hirer joerzéngtelaanger Aarbecht mat radioaktiver Strahlung.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Marie Curie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
