Marie Laforêt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Marie Laforêt, gebuer de 5. Oktober 1939 zu Soulac-sur-Mer an der Gironde als Maïtèna Marie Brigitte Doumenach, ass eng franséisch Schauspillerin a Sängerin mat armeneschen Originnen.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Marie Laforêt gouf 1939 als Kand vun armeneschen Immigranten an der Gironde am Süd-Weste vu Frankräich gebuer, wou si och hir Kandheet verbruecht huet. Nodeem si mat siwwenzéng Joer hire baccalauréat de philosophie gemaach hat, huet si sech 1959 amplaz vun hirer Schwëster beim Concours Naissance d'une étoile vum Radiosender Europe 1 presentéiert, bei deem si sech géint 3000 aner Kanditate konnt duerchsetzen. Datselwecht Joer huet si hiren éischte Film, Plein Soleil, gedréint, zesumme mam Alain Delon, deen e grousse Succès gouf. Och hir Filmer duerno, Saint-Tropez Blues, mam Jacques Higelin, La fille aux yeux d'or a Le rat d'Amérique mam Charles Aznavour waren erfollegräich an hunn aus der Marie Laforêt e Star gemaach.

Gläichzäiteg huet si sech awer och der Musek gewidmet an huet 1959 hiert éischt Lidd opgeholl, am Stil vum russesche Folklor. Am Februar 1963 koum hiren éischten 45 Tours eraus: Vendanges de l'amour, een enormen Succès an haut eent vun hire bekanntste Lidder, geschriwwe vum Danyel Gérard (bekannt fir säin Hit "Butterfly"). Och Viens sur la montagne, La tendresse (1964), Katy cruelle, Bague au doigt (1965), Marie-douceur, Marie-colère (franséisch Versioun vu Paint it black vun de Rolling Stones), Manchester et Liverpool a La Voix du silence (franséisch Verioun vun Sounds of silence vu Simon and Garfunkel, 1966) hunn héich Plazen an den Charts erreecht.

1967 huet d'Marie Laforêt dunn decidéiert, datt si bis op weideres keng Filmer méi wéilt dréinen a sech hirer Carrière als Sängerin wéilt widmem. Et war och 1967 wéi d'Lidder Ivan, Boris et moi a Mon amour, mon ami erauskoumen, déi haut zu de franséische Klassiker gehéieren. Wéinst hirer grousser Popularitéit koumen hir Disken och a Russland, Kanada, Mexiko, Argentinien a Brasilien eraus, a si huet vill vun hiren Hitten och op Italienesch, Spuenesch, Däitsch, Englesch, Russesch a souguer Japanesch gesongen.

Viens, viens gouf 1973 en Nummer-1-Hit a Frankräich [1], Il a neigé sur yesterday, eng Hommage un d'Beatles, ee vun de gréissten Erfolleger aus dem Joer 1977. Enn vun de Siwwenzeger huet d'Marie Laforêt sech méi rar gemaach, a wollt souguer ophale mat sangen. Hir Popularitéit huet ofgeholl, an obwuel si erëm e puer nei Filmer gedréint an nach en puer Lidder opgeholl huet, war se net méi sou populär wéi fréier.

D'Marie Laforêt huet vun den 1980er Joren u vill Theater gespillt, a gouf 1998 fir hir Roll als Maria Callas, am Stéck Master Class vum Terence McNally fir de renoméierte franséischen Theaterpräis Molière nominéiert.

2001 huet si Mes petites magies: livre de recettes pour devenir jeune publizéiert, 2003 huet si am Theaterstéck La Presse est unanime vum Laurent Ruquier gespillt a si participéiert zanter 2004 och regelméisseg am Ruquier senger Radiossendung On va s'gêner op Europe 1.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

An den 1960er Joren huet d'Marie Laforêt de Realisateur Jean-Gabriel Albicocco bestuet, fir deen si och ënner anerem am Film La fille aux yeux d'or matgespillt huet.

1978 ass si op Genf geplënnert, wou si bis 1981 eng Konschtgalerie hat.

1990 huet si den Éric de Lavandeyra bestuet, e Schwäizer agent de change[2], vun deem si sech 1994 awer erëm getrennt huet. Zanter 2001 leeft hir Scheedung[3], fir déi sech och d'Medien interesséieren. Am Oktober 2009 gouf d'Marie Laforêt zu enger Geldstrof wéinst Diffamatioun veruerteelt, well si an enger Fernsehsendung ënner anerem behaapt huet, hiren Ex-Mann hätt probéiert si an eng Sekt z'integréieren.[4]

D'Marie Laforêt huet zwee Kanner mam Éric de Lavandeyra an e Meedche mam Realisateur Judas Azuelos, d'Lisa Azuelos dat och eng Realisatrice ass.[5]

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Televisoun[änneren | Quelltext änneren]

  • 1965: La redevance du fantôme
  • 1961: Le rouge et le noir
  • 1977: Emmenez-moi au Ritz
  • 1983: Pauline ou l'écume de la mer
  • 1985: Le loufiat
  • 1990: Una rredda mattina di maggio
  • 1991: Un cane sciolto III
  • 1992: Tutti gli uomini di Sara
  • 1993: La piovra
  • 1994: A che punto e la notte
  • 1996: Ma fille est impossible
  • 1996: Chienne de vie
  • 1997: Deserto di fuoco
  • 1998: Villa vanille
  • 1998: Jeudi 12

Théâter[änneren | Quelltext änneren]

  • 1969 : La Hobereaute, vum Jacques Audiberti
  • 1973 : Le partage de midi vum Paul Claudel
  • 1999 : Master Class vum Terrence McNally
  • 2003 : La Presse est unanime vum Laurent Ruquier
  • 2004 : Jésus la Caille vum Francis Carco
  • 2008 : Master Class vum Terrence McNally

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]