Marie Marguerite d'Youville

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Marie Marguerite d'Youville
Marie Marguerite Dufrost de Lajemmerais
15. Oktober 170123. Dezember 1771
Portrait vum Albert Ferland
Detailer
Beatifikatioun 3. Mee 1959
Kanonisatioun 9. Dezember 1990
Ënner dem Poopst Jean-Paul II.
Gedenkdag 23. Dezember

D'Marie Marguerite d'Youville, gebuer Dufrost de Lajemmerais, war eng Uerdensgrënnerin a Mystikerin. Si koum de 15. Oktober 1701 zu Varennes an der Regionalmunicipalitéit Marguerite-D'Youville am Kanada op Welt, an ass den 23. Dezember 1771 am Spidol zu Montréal gestuerwen. Si war déi éischt a Kanada gebuer déi helleg gesprach ginn ass.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

D'Marguerite war d'éischt Kand vum Christophe Dufrost de Lajemmerais, engem bretoneschen Adelegen an Offizéier, deen zanter 1687 an Neifrankräich (haut Kanada) gelieft huet, an der Marie-Renée Gaultier de Varennes. Si hat nach 2 Schwësteren an 3 Bridder. Mat 7 Joer huet si hire Papp verluer an d'Famill ass dunn an den Aarmut gefall. Hire Papp hat fir den Ënnerhalt vu senger Famill näischt ausser senger moerer Offizéierspei an dat ass grad duergaange fir net ze Verhongeren. No sengem Doud hunn si misse biedele goen fir z'iwwerliewen. Sechs Joer sollt et daueren bis dem Marguerite seng Mamm endlech eng kleng Rent bewëllegt kritt huet fir hir Kanner grouss ze zéien. Duerch den Afloss vum Pierre Boucher, hirem Urgrousspapp konnt d'Marguerite 2 Joer an d'Schoul bei d'Ursulinen an de Québec goen. Hir Léierinnen hu festgestallt datt si selbstbewosst a räif vu Charakter war. Zréck doheem huet si hirer Mamm am Stot gehollef a mat der Erzéiung vun hire Bridder a Schwësteren.

Bestietnes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Varennes ass si mat engem noble jonke Mann verloobt ginn an huet enger villverspriechender Zukunft entgéint gekuckt. Mä, wéi hir Mamm sech nees mat engem ireschen Dokter bestuet huet, deen d'Gesellschaft vu Varennes net akzeptéiert huet als Auslänner mat zweiwelhaftem Ruff, ass hir Verlobung an d'Bréch gaangen.

Zu Montréal, wou si mat hirer Famill higeplënnert ass, huet si de François d'Youville kennegeléiert an ass den 12. August 1722 mat him bestuet ginn. Hie war e Kavaléier an Aventurier, deen zwar gutt ausgesinn huet, mä och en zweiwelhafte Ruff hat, Jong vun engem Pelz- an Alkoholhändler. An e puer wéinege Joer huet hien et fäerdeg bruecht säi ganzt Verméigen ze verléieren. D'Marguerite huet relativ séier erkannt datt si hirem Mann egal war an huet drënner gelidden datt hien sou dacks net do war an en Alkoholhandel mat den Indianer lafen hat. Och mat hirer Schwéiermamm, déi mat hinnen ënner engem Daach gelieft huet an déi zimlech dominant a gäizeg soll gewiescht sinn, huet si sech net gutt verdroen. Si huet 5 Kanner op d'Welt bruecht vun deenen der 3 ganz jonk gestuerwe sinn. Dozou ass nach komm datt hir Schwéiermamm, mat där si kee gutt Verhältnes hat, och an hirem Stot gelieft huet. Wéi hire Mann eng schwéier an déidlech Krankheet krut, huet si hie versuergt bis e 1730 am Alter vun 30 Joer gestuerwen ass, a si an aneren Ëmstänn iwwer dem 6. Kand, dat och net sollt iwwerliewen, zréckgelooss huet.

Karitatiivt Wierken[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vun hirem Mann huet si hir 2 Jonge François a Charles ouni gréisser finanziell Mëttele missten opzillen. Hire Mann hat hir enorm Scholden hannerlooss an hire Ruff hat och gelidden. Fir d'Scholde kënnen ofzebezuelen, d'Ausbildung vun hire Jongen ze finanzéieren an deenen Aarmen deenen si begéint ass ze hëllefen huet si e klenge Commerce opgemaach.

No der Priesterwei vun hire Jongen huet si an hirem Haus zu Montréal en Hospice gegrënnt aus deem spéider den Uerde vun de "Groe Schwëstere vun der Baarmhäerzegkeet" entstanen ass. Weider Haiser sinn a ganz Kanada an an den USA nokomm. Si hu Kranker, Weesen, Gefaangen, Flüchtlingen a Krichsaffer betreit.

Andeems se sech op d'Säit vun den Aarme gestallt huet, huet d'Marguerite sech géint déi sozial Strukture gestallt an ass d'Affer vu Spott a Verleumdungen ginn.

E Brand deen hiert Haus zerstéiert hat, huet si dozou bruecht fir sech nach méi fir déi Aarm z'engagéieren. Mat zwou Kolleginnen huet si sech den 2. Februar 1745 engagéiert fir alles drun ze setze fir sou vill wéi méiglech Leit an Nout ze hëllefen. Zwee Joer méi spéit huet d'"Mamm vun den Aarmen" (Mère des Pauvres), wéi se mëttlerweil genannt gouf, d'Direktioun vum "Hôpital des Frères Charon", dat 1692 gegrënnt gouf an um verfale war, iwwerholl. Si huet dunn e Refuge fir all déi Benodeelegt draus gemaach. Mat hire Schwësteren a Mataarbechter setzt si verschidde Servicer fir déi Aarm op d'Been.

Du geschitt eng weider Katastroph: de Brand vom 18. Mee 1765, deen iwwer honnert Haiser an der Stad zerstéiert, huet och virum Spidol net halt gemaach an 118 Persounen ouni Daach zréckgelooss. D'Marguerite huet awer hire Glawen an hire Mutt net verluer a sech mat hire 64 Joer drugemaach d'Spidol nei opzebauen. Schonn ee Mount nom Brand hunn d'Opbauaarbechten ugefaangen a 1769 stoung d'Spidol erëm.

Den 9. Dezember 1771 krut d'Marguerite d'Youville am Alter vu 70 Joer e Schlag an ass den 23. Dezember gestuerwen.

Weider Uerden[änneren | Quelltext änneren]

D'Kongregation vun de Groe Schwësteren ass den 30. Juli 1880 vum Poopst Leo XIII. feierlech unerkannt ginn. Nom Beispill vun der Maguerite d'Youville an hire "Soeurs de la Charité de Montréal" (Soeurs Grises) sinn och nach aner Uerden entstanen: d'"Soeurs de la Charité de Saint Hyacinthe", d'Soeurs de la Charité d'Ottawa", d'"Soeurs de la Charité de Québec", d'"Grey Nuns of the Sacred Heart" (Philadelphia) an d'"Grey Sisters of the Immaculate Conception" (Pembroke).

Kanonisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den 3. Mee 1959 huet de Poopst Jean XXIII. si séileg gesprach. Vun do uns huet hir Veréierung duerch d'Vollek ëmmer méi zougeholl a vill Leit sollen duerch hir Firsprooch Begënschtegunge kritt hunn. Sou soll z. B. eng jonk Fra déi u myeloescher Leukämie erkrankt war 1978 geheelt gi sinn. Dëst ass als d'Wonner, dat fir d'Kanonisatioun néideg war, ugeholl ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]