Mariekapell vu Clairefontaine

Vu Wikipedia
D'Mariekapell vu Clairefontaine
Der Ermesinde hire Sarkophag

D'Mariekapell vu Clairefontaine gouf 1875 vun den Areler Jesuitten no de Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt gebaut. D'Kapell steet op der Plaz vun der fréierer Zisterzienserinnenabtei, déi nach vun der Gräfin Ermesinde vu Lëtzebuerg a Laroche, Marquise vun Arel geplangt gi war, awer eréischt vun hirem Jong, dem Hary de Blonden, gebaut gouf.

D'Reschter vun der Ermesinde leien an der Krypta ënner der Kapell, no bei der Quell vum Hellege Bernard.

Tëscht 1997 an 2000 huet d'Lëtzebuerger Regierung an Zesummenaarbecht mam Belsche Ministère de la Région Wallonne d'Kapell restauréiere gelooss.

D'Fënstere vun der Mariekapell[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell huet eng Rei ganz schéi Fënsteren, déi d'Geschicht vun der Abtei, an domat e Stéck Lëtzebuerger Geschicht erzielen.

Der Ermesinde hiren Dram[änneren | Quelltext änneren]

Dës ëischt Fënster aus dem Joer 1877, ass op der lénkser Säit hanner dem Altor. Et ass déi éischt an eenzeg faarweg Fënster bis 1933.

Et gesäit een der Ermesinde hiren Dram. D'Muttergottes freet d'Ermesinde, déi ënner enger Eech schléift, nieft der Quell vum hellege Bernard eng Abtei opzeriichten. D'Schof mat dem schwaarze Kräiz representéieren dem hellege Bernard seng Meedercher. Hanne riets, iwwer der hëlzener Heip gesäit ee schonn den Tuerm vun der Klouschterkierch déi sollt gebaut ginn.

Den hellege Bernard[änneren | Quelltext änneren]

Dës Fënster ass besonnesch interessant well den hellege Bernard dem Paschtouer Camille Joset säi Gesiicht huet. De Camille Joset huet dës Fenster 1934 fabrizéiere gelooss. Et gesäit een den hellege Bernard, nieft der Quell, an am Aarm hält hien ee krankt Kand. Am Hannergrond ass d'Schlass vu Bardenbourg duergestallt.

Jeanne vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Jeanne vu Lëtzebuerg, Meedche vum Henri V. de Blonden an der Marguerite vu Bar ass der Ermesinde hiert Enkelkand a war am Klouschter tëscht 1295 an 1311. D'Seeche seet, datt d'Jeanne schonn zu senge Liefzäiten sou helleg war, datt all Kéier wann et laanscht d'Muttergottesstatu gaangen ass, déi ugefaangen huet, sech ze beweegen a mat him ze schwätzen. Dat ass och déi Zeen, déi op der Fënster vun 1933 ze gesinn ass.

Hawis vu Bar[änneren | Quelltext änneren]

D'Hawis vu Bar war d'Meedche vum Henri II. vu Bar an der Philippa vun Dreux, an domat d'Schwëster vum Thiébaut II. vu Bar a vun der Marguerite, Gräfin vu Lëtzebuerg. Si war war tëscht 1257 an dem 7. Oktober 1280 Äbtissin vu Clairefontaine.

Marguerite vu Bar[änneren | Quelltext änneren]

D'Marguerite vu Bar war d'Enkelin vun der Ermesinde. Si war mat dem Henri V. (de Blonden), Grof vu Lëtzebuerg bestuet. D'Marguerite ass am Chouer vun der Kapell, nieft hirem Mann begruewen.

Henri de V. de Blonden[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri de V. de Blonden war bekannt dofir, datt hien zimmlech vill fir d'Abtei vu Clairefontaine gemaach huet. Hien ass an der Kapell, nieft senger Fra, der Marguerite vu Bar, begruewen.

Hellege François-Xavier[änneren | Quelltext änneren]

Wat den Hellege François-Xavier genee mat Clairefontaine ze dinn hat, ass net méi erauszefannen. Dem Text no, deen iwwer dem Bild steet "Sanctus Franciscus Xaverius, patronus domus Arlunensis S.I." soll den hellege François-Xavier de Patréiner vum Haus vun Arel (?) sinn, mä och doriwwer fënnt sech net vill an der Literatur. Den hellege François-Xavier war ënner anerem Missionnaire an Indien, dofir gesäit een op dëser Fënster am Hannergrond och Indien. Sécher ass just, datt den Hellegen dem Auguste Petit s.j. säi Gesiicht huet. Den Auguste Petit s.j. war Rekter zu Arel an ass am Joer 1937 gestuerwen. Zu sengem Undenken hunn d'Jesuitte vun Arel déi Fënster maache gelooss.

Hellege Stanislaus Kostka[änneren | Quelltext änneren]

Den hellege Stanislaus Kostka ass de Patréiner vum Noviziat vun den Areler Jesuitten. Op dëser Fënster huet den hellege Stanislaus Kostka dem Charles Lambo säi Gesiicht. De Charles Lambo, Jesuittepater zu Arel ass den 12. November 1930 gestuerwen.

Hellegen Ignace vu Loyola[änneren | Quelltext änneren]

Den hellegen Ignace vu Loyola huet de Kapp vum Adolphe Petit s.j. dee Jesuittepater am Areler Klouschter war.

Helleg Hombeline[änneren | Quelltext änneren]

D'Helleg Hombeline, och nach Humbeline, Humberga oder Embeline genannt, war d'Schwëster vum hellege Bernard, deen der Quell vu Clairefontaine säin Numm ginn huet. D'helleg Hombeline ass d'Patréinesch vun der Zisterzienserinnenabtei vu Clairefontaine.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mariekapell vu Clairefontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien