Marika Rökk

Vu Wikipedia
Marika Rökk
Gebuertsnumm Marie Karoline Rökk
Gebuer 3. November 1913
Kairo
Gestuerwen 16. Mee 2004
Baden
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Ungarn, Däitscht Räich, Däitschland, Éisträich
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Filmschauspiller, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet mat Georg Jacoby

D'Marika Rökk, gebuer den 3. November 1913 zu Kairo a gestuerwen de 16. Mee 2004 zu Baden an Nidderéisträich, war eng däitsch-éisträichesch Filmschauspillerin, Sängerin an Dänzerin vun ungareschen Originnen.

Nodeems se e puer Joer laang a Frankräich, den USA, an an England als Sängerin an Dänzerin a Varietéstécker an och Filmer opgetrueden ass, gouf se 1934 vun der UFA engagéiert a war dann an den nächste Joren, dacks ënner der Regie vun hirem Mann Georg Jacoby, eng vun de gréisste Filmstaren an Däitschland.

Nom Krich krut si, well se sech eppes ze gutt mat den Nazien "arrangéiert" hat, e puer Joer verbueden, a Filmer opzetrieden. Si konnt dann awer no 1948 weider a Filmer nom selwechte Schema wéi virdrun, dorënner och e puer mat hirem fréiere Filmpartner Johannes Heesters an der Haaptroll, spillen. Bis 1986 war si als Schauspillerin, Operettesängerin an Dänzerin aktiv.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kevin Clarke: Wir machen Musik, da geht uns der Hut hoch. Zur Filmoperette und Operette im Film der NS-Zeit. In: Christoph Henze (Hrsg.): Musik im Unterhaltungskino des Dritten Reichs. Königshausen & Neumann, Würzburg 2011, ISBN 978-3-8260-4756-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marika Rökk – Biller, Videoen oder Audiodateien