Mario Daubenfeld

Vu Wikipedia
Mario Daubenfeld
Gebuer 16. Januar 1958
Waasserbëlleg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Offizéier, Politiker
Partei ADR

De Mario Daubenfeld, gebuer de 16. Januar 1958 zu Waasserbëlleg, ass e Lëtzebuerger Generol[1] a Politiker (ADR).[2]

De 16. August 1978 huet hie sech an d'Arméi engagéiert fir do eng Offizéieschcarrière ze maachen. Seng Ausbildung huet hien 1982 op der École royale militaire zu Bréissel ofgeschloss. Duerno huet hien um Härebierg bis 1997 gedéngt a wärend där Zäit bei verschiddene Stagen a Course absolvéiert.

Vun 1988 bis 1989 huet hien zousätzlech de Lëtzebuerger Kontingent vun der deemoleger Allied Command Europe Mobile Force (AMF) kommandéiert. Bei Auslandsasätz, 1992 FORPRONU an Ex-Jugoslawien, 1997 ECMM a Bosnien an Herzegowina, war de Colonel Daubenfeld och dobäi.

Vun 1998 un hat hie verschidden Aufgaben am Kader vun der NATO an der Europäescher Unioun.

Den 1. Februar 2013 gouf de Mario Daubenfeld Generol a gouf den Nofollger vum Generol Reinig als Chef d'État Major vun der Lëtzebuerger Arméi. Mä schonn den 1. Oktober 2014 huet hien, mat nëmme 55 Joer, seng Pensioun fir den 1. Dezember 2014 ugefrot[3]. Zu sengem Successeur gouf de Colonel Romain Mancinelli ernannt.[4]

Vun 2016 bis 2023 war hien aktive Member vun der Alternativ Demokratesch Reformpartei an do President vum Bezierk Zentrum.[2] 2023 gouf hie Member vun der Partei Fokus.[5]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wann net anescht uginn: Biographie du Général Mario DAUBENFELD um Site vun der Arméi archivéiert (7. November 2014)
  2. 2,0 2,1 Archive copy Gearchiveerd op 2017-01-06. Gekuckt de(n) 2017-01-14.
  3. Départ à la retraite du général Mario Daubenfeld Communiqué vum Verdeedegungsminister, 1. Oktober 2014
  4. Nomination d'un nouveau chef d'état-major Communiqué vum Verdeedegungsminister, 7. November 2014
  5. "Mario Daubenfeld vun ADR bei Fokus gewiesselt." rtl.lu, 16.03.2023.