Mario Diaz Suarez

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Mario Diaz Suarez, gebuer 1940 zu Tucumán an Argentinien, ass e Moler deen zanter 1973 ëmmer nees zu Lëtzebuerg ausstellt, ouni awer jee hei gewunnt ze hunn. Hien huet vun 1953 bis 1959 op der Escuela de Bellas Artes studéiert, a vun 1960 bis 1965 op der Universtéit Tucuman, wou hien eng Lizenz an Arts plastiques gemaach huet.

Hie war als Chargé de cours op der Summerakademie vun 1973 bis 1976 zu Lëtzebuerg, deemools an der Ste Sophie, nieft der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg. Hie koum vu Paräis an huet de Serigraphie-Atelier geleet.

Zu Paräis huet hien am Musée d'art moderne an am Grand Palais um Salon Grands et Jeunes ausgestallt.

Zu Lëtzebuerg huet hien an der Galerie La Chapelle zu Munneref ausgestallt, am Konschthaus Beim Engel an der Stad Lëtzebuerg, an der WFA Gallery, an der Abtei zu Iechternach, an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik mat der Revue Estuaires, am Europäesche Geriichtshaff, bei Art à Beaufort, an der Galerie SeriArt zu Gréiwemaacher an am Centre Barblé zu Stroossen.

Hien hat eng laangjäreg Frëndschaft mam Diddelenger Gallerist Armand Gaasch. Deen huet de Kënschtler reegelméisseg a senger Galerie zu Diddeleng ausgestallt a mat him e Katalog erausginn: "Armand Gaasch présente Mario Diaz Suarez" a Kollaboratioun mam Ministère de la Culture zu Lëtzebuerg.

De Mario Diaz Suarez huet säin Atelier zu Tréier.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]