Mario Fioretti

Vu Wikipedia
Mario Fioretti
Gebuer 31. Januar 1962
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Mario Fioretti, gebuer den 31. Januar 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass ee lëtzebuergeschen Däitschprofesser, Literaturspezialist an Auteur.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Mario Fioretti huet tëscht 1981 an 1986 Germanistik, Romanistik a Geschicht am Centre universitaire an der Stad Lëtzebuerg an op den Universitéite vu Saarbrécken an Tréier studéiert. Am Moment schafft hien als Däitschprofesser am Lycée classique vun Dikrech, an zanter 2005 als Fuerscher am Nationale Literaturzentrum zu Miersch. Hie war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband a Comitésmember vum Lëtzebuerger Germanisteverband.

2000 krut hien den 1. Präis am Concours littéraire national fir säi Wierk Über Sebastian (fantastesch Geschichten). 2003 krut hien eng Mentioun fir eng Kuerzgeschicht. 2005 gouf säi Roman Der Vortrag (Verlag 'Op der Lay', Esch-Sauer, 2005) mam 2. Präis am nationale Literatursconcours 2004 ausgezeechent. Am Concours littéraire national 2006 krut de Mario Fioretti eng Mentioun fir säin Theaterstéck Mögen Sie Klassiker? .

Literatur[änneren | Quelltext änneren]