Mario Hirsch

Vu Wikipedia
Mario Hirsch
Gebuertsnumm Mario Antoine Auguste Hirsch
Gebuer 6. Abrëll 1949
Lëtzebuerg
Gestuerwen 24. Juli 2023
Albanien
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Journalist, Politolog, Professer

De Mario Hirsch, gebuer de 6. Abrëll 1949 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen de 24. Juli 2023 an Albanien[2][3], war e lëtzebuergesche Jurist, Politikwëssenschaftler a Journalist.

Nodeem hien zu Paräis um Institut d'études politiques (IEP) an an der Fondation nationale des sciences politiques (FNSP) Droit a Politikwëssenschaft studéiert hat, koum hien 1974 zu Lëtzebuerg an de Cabinet vum Premierminister Gaston Thorn.

Hie war vun 1983 bis 1985 de perséinleche Beroder vum Clay T. Whitehead.

De Mario Hirsch war vun 1986 bis 1996 Sekretär vun der DP-Fraktioun an der Chamber.

1997 war hie Verbindungsagent tëscht der lëtzebuergescher Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun an dem Miguel Ángel Moratinos, EU-Spezialémissaire fir de Friddensprozess am Noen Osten.

Vun 1998 bis 2006 war de Mario Hirsch Chefredakter vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land.

Vun 2006 bis uganks 2011[4],[5] war hien Direkter vum Institut Pierre-Werner.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • (Editeur, zesumme mam Wolfgang Lorig): Das politische System Luxemburgs: eine Einführung. Wiesbaden: VS Verl. für Sozialwissenschaft 2008. [1]
  • (mam Roberto Paini): L'identité européenne et les défis du dialogue interculturel. Luxembourg: Éd. Saint-Paul, 2008. ISBN 978-2-87963-723-5 {{{1}}}
  • "Le Conservatoire de musique de la Ville". Dans: Les maisons Richard et Printz: regards sur un quartier historique de la ville de Luxembourg. Luxembourg: Chambre des députés 2006, p. 189-193. {{{1}}}
  • (Ed., mam Serge Allegrezza an Norbert von Kunitzki): L'histoire, le présent et l'avenir du modèle luxembourgeois. Luxembourg: Institut d'études européennes et internationales du Luxembourg, 2003.ISBN 2-919989-04-9 {{{1}}}
  • "L'ouverture sur l'extérieur" Dans: Le Luxembourg des années 50: une société de petite dimension entre tradition et modernité = Luxemburg in den 50er Jahren: eine kleine Gesellschaft im Spannungsfeld von Tradition und Modernität. Luxembourg: Musée d'histoire de la ville, cop. 1999. - (Publications scientifiques du Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg ; 3), p. 149-156. {{{1}}}
  • "La société dépolitisée." In: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 16 (1995), N° 4, p. 69-73. {{{1}}}
  • "Das Zeitalter der audiovisuellen Medien." Dans: Mémorial 1989: la société luxembourgeoise den 1839 à 1989. [Luxembourg]: Les publications mosellanes, 1989, p. 929-937. {{{1}}}

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mario Hirsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 174
  2. "Fréiere Chefredakter vum Lëtzebuerger Land Mario Hirsch gestuerwen." rtl.lu, 25.07.2023
  3. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 4. August 2023 S.27
  4. "Mario Hirsch trennt sech "de commun accord" vum ICPW." RTL.lu, 11.02.2011, 11:41 - Fir d'lescht aktualiséiert: 11.02.2011, 16:19.
  5. Mario Hirsch a quitté l'Institut Pierre Werner paperjam.lu, 11.Februar 2011.