Markarian Galaxis

Vu Wikipedia
Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop vun der wiesselwierkender Galaxis Markarian 273, Quell:NASA

D'Markarian Galaxis (engl. Markarian galaxies) ass eng Galaxis mat engem ongewéinlech bloe Faarfindex, deen net zum morphologeschen Typ passt. Am enke Sënn sinn d'Markarian Galaxië vum Benjamin Markarjan a senge Mataarbechter am Byurakan-Observatoire katalogiséiert ginn. Am weidere Sënne ginn all Galaxië mat engem markanten UV-Exzess zu de Markarian Galaxië gezielt.

Morphologien[änneren | Quelltext änneren]

Markarian Galaxië fënnt ee bal bei all de morphologeschen Typpe vu Galaxien:

E Verglach mat anere Kataloge weist e groussen Deel vu pekuläre Galaxien ënner de Markarian Galaxien, déi haaptsächlech als kompakt (post-)eruptiv Galaxien oder als interaktiv Galaxië klassifizéiert ginn. Et gëtt keen Zesummenhank tëscht dem morphologeschem Typ an dem Grad vum UV-Exzess.

Stellung an de Galaxiëkéip[änneren | Quelltext änneren]

Markarian Galaxien triede bal nëmmen a Galaxiëkéip op. Manner wéi zwéi Prozent vun de Markarian Galaxië sinn Eenzelgalaxien, déi nëmme vu Satellittesystemer ëmgi sinn. An de Galaxiëkéip hunn d'Markarian Galaxië keng besonnesch Plaz.

Aktivitéit vum Nukleus[änneren | Quelltext änneren]

De gréissten Deel vun de Markarian Galaxië gehéiert zu de Galaxië mat engem aktive galaktesche Kär:

D'Galaxië mat engem aktive Kär si statistesch signifikant méi dacks interaktiv Galaxien.

Donieft gehéieren nach Starburstgalaxien a fréier Starburstgalaxië mat groussen HII-Regiounen zu de Markarian Galaxien. Bei dëse gouf en Zesummenhank tëscht dem UV-Exzess an der Stäregebuertsquot observéiert.