Markarjan-Ketten

Vu Wikipedia
D'Markarjan Ketten
(25. Abrëll 2008)

D'Markarjan-Ketten ass eng Usammlung vu Galaxien am Virgo-Koup, déi d'Form vun engem liicht gebéite Bou huet. Si ass nom Astrophysiker Benjamin Markarjan genannt, deen de Koup an den 1970er Joren intensiv observéiert hat.

Zu der Markarjan-Kette gehéieren am enke Sënn d'Galaxien M 84 (NGC 4374), M 86 (NGC 4406), NGC 4435, NGC 4438, NGC 4461, NGC 4473 an den NGC 4477. Vu verschiddenen Auteure gëtt och den NGC 4458 dozougerechent.

Ausser dem NGC 4406, deen op d'Äerd mat enger Radialvitess vun ongeféier 244 Kilometer/Sekonn zoukënnt, verlagere sech déi aner Galaxië mat enger Vitess vu 70 bis 2200 Kilometer/Sekonn vun der Äerd ewech.

Astronomesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

D'Galaxië vun der Markarjan-Kette leien an engem Beräich mat den Himmelskoordinaten ëm d'Rektaszensioun 12h 28m an d'Deklinatioun +13° 10′, d'Ausdehnung ass ongeféier 1,5 Grad.

Numm Rektaszensioun Deklinatioun Radialvitess
(km/s)
Routverécklung Hellegkeet
(visuell)
 NGC 4374 (M84) 12h25m03,7s +12°53'13" 1060 0,003536 9,2
 NGC 4406 (M86) 12h26m11,7s +12°56'46" −244 −0,000814 8,9
 NGC 4435 12h27m40,5s +13°04'44" 801 0,002672 10,8
 NGC 4438 12h27m45,6s +13°00'32" 71 0,000237 10,0
 NGC 4461 12h29m03,0s +13°11'02" 1931 0,006441 11,1
 NGC 4473 12h29m48,9s +13°25'46" 2244 0,007485 10,2
 NGC 4477 12h30m02,2s +13°38'11" 1355 0,004520 10,4

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]