Marque nationale fir Schwéngefleesch

Vu Wikipedia

D' Marque nationale fir Schwéngefleesch a Produkter, déi vun deem Fleesch gemaach ginn, ass eng lëtzebuergesch Marque nationale, déi duerch de Règlement grand-ducal vum 3. November 2010[1] agefouert gouf.

Si deckt engersäits d'Fleesch vu Schwäin of, déi bestëmmte Genotyppen a Phenotyppen entspriechen, an déi no festgeluechte Krittäre geziicht, gefiddert, transportéiert, geschluecht, zerluecht a verkaaft goufen. All dës sinn an engem Cahier de charges festgeluecht.

Sou muss z. B. d'Opzillen, d'Schluechten, d'Zerleeën an d'Verschaffe vum Fleesch zu Lëtzebuerg gemaach gi sinn.

Op der anerer Säit bezitt se sech op d'Fleesch- a Charcuteriesprodukter, déi dovu gemaach ginn. Dës sinn ë. a.:

Och dofir gëtt et e Cahier de charges, dee fir all Produkt definéiert, wat fir Stécker Fleesch verschafft ginn, wat fir Salzer, Gewierzer a soss Zousätz derbäikomme kënnen, wéi se konditionéiert musse ginn, asw.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Règlement grand-ducal du 3 novembre 2010 relatif à la Marque nationale de la viande de porc et des produits transformés à base de la viande de porc Marque nationale"; Memorial A –– N° 201 vum 11. November 2010.