Mars-Rover

Vu Wikipedia
Spirit an Opportunity
Modeller vu Marsrover am Verglach. Spirit (lénks), Sojourner (mëtt) a Curiosity (riets)
Curiosity um Mars

E Mars-Rover ass en teleguidéiert Gefier (kuckt Rover) fir d'Erfuerschung vum Mars. De Rover ass mat verschiddene Moossinstrumenter ausstafféiert.

Wärend der ganzer Fuerschungszäit vum Planéit Mars gouf et véier erfollegräich Missioune mat Mars-Roveren. Vun hinne sinn am Ament deen am Juli 2003 gestarte Rover Opportunity an de Mars Science Laboratory Curiosity aktiv (August 2013). Mars-Rovere ginn, resp. goufe iwwer Funk vun der Äerd aus gesteiert, hunn zum Deel och autonom Fäegkeeten a senden hir Moossresultater op d'Äerd.

Gestart Mars-Roveren[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Lander vun de sowjetesche Raumsonde Mars 2 a Mars 3 ware mat Mars-Rover vum Typ PROP-M ekipéiert. D'Landung vu Mars 2 war de 27. November 1971mësslongen, de Lander war op d'Marsuewerfläch gestierzt. D'Landung vu Mars 3 war den 2. Dezember 1971 gegléckt, awer de Funkkontakt war no wéinege Sekonnen ofgebrach, soudatt och hei de Rover net zum Asaz koum.
  • Sojourner, den éischten erfollegräiche Mars-Rover, hat am Kader vum NASA-Programm Mars Pathfinder vum 4. Juli bis de 27. September 1997 geschafft.
  • Spirit an de baugläiche Opportunity waren am Januar 2004 um Mars gelant. Vum 22. Mäerz 2010 u konnt kee Kontakt méi zum Rover Spirit hiergestallt ginn. D'NASA hat dorophin de 25. Mee 2011 d'Kontaktversich agestallt. Trotzdeem ass dee sechs Joer dauernden Asaz vum Spirit an d'Tatsaach, datt Opportunity nach ëmmer voll funktiounsfäeg ass, bemierkenswäert, well déi geplangt Liewensdauer vu béide Rover nëmme vir ronn dräi Méint virgesi war.
  • De Mars Science Laboratory Curiosity ass e Mars-Rover vun der NASA. De Start war de 26. November 2011. D'Marslandung war de 6. August 2012 erfollegräich.
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Geplangte Mars-Rover[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mars-Rover – Biller, Videoen oder Audiodateien