Mars Atmosphere and Volatile Evolution

Vu Wikipedia
MAVEN
De Logo vun der Missioun
Typ Fuerschungssatellit
Land  USA
Agentur NASA
Mass
Missiounszil Mars
Start 18. November 2013, 18:28 UTC
Startplaz Cape Canaveral Air Force Station, USA
Drorakéit Atlas V
Status aktiv
D'MAVEN-Raumsond

De Mars Atmosphere and Volatile EvolutioN (MAVEN) ass eng Raumsond fir d'Erfuerschung vun der Atmosphär vum Planéit Mars am Kader vum Mars-Scout-Programm vun der NASA. D'Sond gouf den 18. November 2013 mat enger Atlas V-Rakéit erfollegräich gestart a kreest zanter dem 22. September 2014 ëm de Mars a soll a fënnef Déifflich méi no un de Planéit erufléien.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

De 15. September 2008 hat dNASA bekannt ginn, datt si fir d'Joer 2013 de Projet MAVEN als Mars-Scout-2-Missioun ausgewielt hat. D'Auswiel war géint de Finalist „The Great Escape“ erfollegt, wat och eng Atmosphärefuerschungsmissioun war. Déi béid Missioune waren aus ufanks aacht Virschléi erausgesicht ginn.

De MAVEN war mat enger Atlas V (401) vum Startkomplex 41 vun der Cape Canaveral AFB den 18. November 2013 gestart ginn a soll de Mars am Hierscht 2014 erreechen. E soll an eng héichelliptesch Ëmlafbun aschwenken, déi tëscht 144 km a 6.228 km iwwer der Planéitenuewerfläch verlafe soll. D'Projetskäschte fir de MAVEN belafe sech op 485 Milliounen US-Dollar.

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Struktur vun der Raumsond baséiert op de Konstruktioune vun de Raumsonde Mars Reconnaissance Orbiter an 2001 Mars Odyssey.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

MAVEN soll déi iewescht Atmosphär vum Mars an hir Interaktioun mat der Sonn ënnersichen. Dofir sinn Instrumenter fir d'Erfaasse vun de Charakteristike vun den atmosphäresche Gasen, der ieweschter Atmosphär, dem Sonnewand an der Ionosphär u Bord.

D'University of Colorado at Boulder, d'University of California an de Goddard Space Flight Center haten d'Instrumenter fir de MAVEN gebaut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mars Atmosphere and Volatile Evolution – Biller, Videoen oder Audiodateien