Mars Global Surveyor

Vu Wikipedia
De Mars Global Surveyor virum Start
De Start vum Mars Global Surveyor
Skizz vum MGS
Graphik vum Mars Global Surveyor
MGS-Foto vun der Mars-Nordpolkap

De Mars Global Surveyor (MGS) war eng Raumsond vun der NASA fir d'Erfuerschung vum Planéit Mars aus enger Ëmlafbunn. Si war de 7. November 1996 u Bord vun enger Delta-II-Drorakéit gestart an hat am Mäerz 1999 mat de Recherche vum roude Planéit ugefaangen. Den 2. November 2006 goung d'Sond duerch e Feeler vum Buedempersonal verluer.

Déi wichtegst Aufgabe vun der Missioun ware fir héichopgeléist Fotoe fir d'Vermoossung a Kartéierung vun der Topographie ze maachen, souwéi d'Erfuersche vun der Zesummesetzung vum Marsgestengs, vun der Roll vum Waasser an der Planéitegeschicht an an der Fuerschung vun der Atmosphär resp. vum Klima a Wieder, dem Magnéitfeld an dem Gravitatiounsfeld. Weider gouf den Orbiter agesat fir d'Signaler vun de Lander vun der Marsuewerfläch op d'Äerd weiderzeleeden.

Missiounsoptakt[änneren | Quelltext änneren]

De 7. November 1996 war déi iwwer eng Tonn (1062,1 kg) schwéier Sond gestart. Si hat de Mars no enger Fluchzäit vun zéng Méint den 11. September 1997 erreecht.

D'Ugläichung vun der Ëmlafbunn duerch en ettlech Manöver an d'Aerobraking-Method hate sech duerch e Feeler an de Solarmodule ëm iwwer ee Joer verspéit. D'Zilëmlafbunn vum MGS gouf eréischt am Mäerz 1999 erreecht.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Sond d'Marsëmlafbunn erreecht hat, hiet si Fotoen a ganz héijer Opléisung vun der ganzer Uewerfläch gemaach. Deelweis sinn op de Fotoen Detailer vu manner wéi zwéi Meter Gréisst ze gesinn. Dës Fotoen iwwertreffen domat däitlech déi an den 1970er Jore gemaache Fotoe vum Viking-Orbiter. Eréischt d'Biller vun der europäescher Sond Mars Express iwwertreffen dës. Am Ganzen hat MGS bis Oktober 2006 iwwwer 240.000 Fotoen op d'Äerd geschéckt.

Fir d'wëssenschaftlech Press waren déi héichopgeléiste Fotoe vu fréiere Flossbetter a Séien. Si ginn als wichtegt Zeeche fir d'Existenz vu fréierem flëssegem Waasser op dem Mars gedeit. De 6. Dezember 2006 hat d'NASA bekannt ginn, datt een däitlech Hiweiser vu fléissendem Waasser op dem Mars entdeckt hätt, déi sech do eréischt wärend de leschte siwe Joer gebilt hätten. De Mars Global Surveyor hat am September 2005 eng Foto gemaach, op där zwou ongeféier ee Kilometer laang Äerdrinnen ze gesi waren. Si hunn fangeraarteg Verzweigungen um ënneschten Enn, déi sech liicht ëm kleng Objete wannen.

Eng wichteg Roll hat d'Sond ausserdeem no der Landung vum US-amerikanesche Mars-Lander Spirit an dem Opportunity de 4. a 25. Januar 2004 gespillt. Obscho béid Gefierer och direkt mat der Äerd kommunizéiere kënnen, ginn déi gréisst Datendeeler, fir Energie ze spueren, vun der Uewerfläch iwwer den Orbiter am Marsorbit verschéckt.

Den 23. Oktober 2001 krut den MGS Gesellschaft vun der NASA-Sond 2001 Mars Odyssey, nodeem 1999 déi zwou Missioune Mars Climate Orbiter an Mars Polar Lander mëssgléckt waren.

D'Sond hat hir geplangt Liewensdauer scho wäit iwwerschratt, wéi d'Missioun am September 2006 duerch d'NASA ëm weider zwéi Joer verlängert gouf.[1]

Kontaktverloscht[änneren | Quelltext änneren]

Den 2. November 2006 – kuerz virum zéngjäerege Jubiläum vun hirem Start – war d'Kommunikatioun mam Mars Global Surveyor (deemools déi déngschteelst Marssond) ofgebrach. Och hiert Drosignal gouf net méi empfaangen. No Problemer mat engem vun de Solarzellenausleeër gouf d'Sond warscheinlech net méi richteg zur Sonn ausgeriicht a krut net méi genuch Stroum fir de Betrib vun de Bordinstrumenter. Nom Missiounskontrollzentrum vun der NASA, dem Jet Propulsion Laboratory (JPL) zu Pasadena, Kalifornien, huet ee missen dovun ausgoen, datt d'Sond verluer ass.[2]

Weider Versich vun NASA an ESA, d'Sond ze fannen, goufen den 28. Januar 2007 ouni Resultat ofgebrach.[3],[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mars Global Surveyor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA: NASA Mars Spacecraft Gear Up for Extra Work, 25. September 2006
  2. Sterne und Weltraum Online: Raumsonde Mars Global Surveyor wahrscheinlich verloren, 22. November 2006
  3. (en) NASA: Panel Will Study Mars Global Surveyor Events, 10. Januar 2007
  4. (en) NASA: Mars Global Surveyor (MGS) Spacecraft Loss of Contact, 13. Abrëll 2007; PDF-Format, 27 KB, 3 Seiten)