Mars Schmit
De Mars Schmit, gebuer den 3. Dezember 1931, a gestuerwen de 14. Oktober 1990, war e lëtzebuergesche Moler.
Hien huet besonnesch Aquarellen a Fiederzeechnunge gemoolt, vun iwwerall aus dem Lëtzebuerger Land, an dat niewent sengem Beruff, am Ufank Schoulmeeschter, a spéider Sproochen- a Konschtprofesser.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Ausstellunge vum Mars Schmit uechtert d'Welt
Paräis, Roum, Grosseto, Salzburg, Bréissel, München, Frankfurt, Köln, Toronto, Des Moines, Minneapolis, Oxford a Middletown (Ohio), New York 927 Madison Avenue an am Rockefeller Center, Peking, Moskau (1989) an natierlech och zu Lëtzebuerg.
Hien huet als Auszeechung ënnert anerem d'Médaille d'Or vun der Academia Tiberina vu Roum kritt.
De Mars Schmit ass fréi an onerwaart am Alter vun nëmmen 59 Joer gestuerwen.
[änneren] Publikatiounen
De Mars Schmit huet vill Albumme mat sengen eegene Biller an Zeechnungen an Eegeregie éditéiert, ënnert anerem:
- Si Luxembourg m'était dessiné.., Editions Mars Schmit, 1983.
- Il était une fois - nos châteaux forts..., Editions Mars Schmit, 1984.
- Nostalgie, Editions Mars Schmit, 1984.
- D'Uelzecht, Editions Mars Schmit, 1985.
- D'Sauer, Editions Mars Schmit, 1986.
- D'Musel, Editions Mars Schmit, 1987.
- Métamorphose-Luxembourg, 1988.
- Ma Terre au fil des millénaires, 1989.
- Charnière d'Europe, 1990.
[änneren] Literatur
- pl, 1990. Mars Schmit gestorben. Luxemburger Wort 1990 (15. Oktober), S. 4.