Mars Di Bartolomeo

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mars di Bartolomeo)
Mars Di Bartolomeo
Gebuer 27. Juni 1952
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Politiker
Partei LSAP
Famill
Kanner Anja Di Bartolomeo

De Mars Di Bartolomeo, gebuer de 27. Juni 1952 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Politiker an Deputéierten (LSAP).

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Ëm 1970 huet hien zu Diddeleng am Comité vun der Jeunesse de la ligue ouvrière[1] gewierkt. No senger Première am Escher Jongelycée huet de Mars Di Bartolomeo vun 1972 bis 1984 als Journalist am Tageblatt geschafft.

1984 gouf de Mars Di Bartolomeo, nom Robert Goebbels, dee Minister gi war, Sekretär vun der Chambersfraktioun vun der LSAP. 1987 gouf hien an den Diddelenger Gemengerot gewielt an 1993 an 1999 erëmgewielt. Den 1. Januar 1994 gouf hie Buergermeeschter vun Diddeleng a blouf dat bis 2004.

1989 gouf hie fir d'éischt Kéier an d'Chamber gewielt an zanterhier, zulescht bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023[2], erëmgewielt. 2004 bis 2009 a vun du bis 2013 huet hien op säin Deputéiertemandat verzicht a gouf Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung an de Regierunge Juncker-Asselborn I an II.

Hie war vum 5. Dezember 2013 bis Oktober 2018 President vun der Chamber.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emil: Mars Di Bartolomeo *1952, descendant de l'immigration italienne dans le melting pot luxembourgeois, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 510-517); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mars Di Bartolomeo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Jeunesse de la ligue ouvrière huet sengerzäit just zu Diddleng existéiert. Doran hate sech déi lokal Jugendsektioune vum deemolege Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV) an der LSAP zesummefonnt.
  2. elections.lu.
  3. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  4. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004