Marskanal

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kaart vun der Marsuewerfläch nom Schiaparelli

D'Marskanäl si reng Linnestrukturen, déi fir d'éischt am Joer 1877 vum italieneschen Astronom Giovanni Schiaparelli bei der Observatioun vum Mars gesi goufen. Etlech vun hinnen si Canyonen oder Ramplien um Terrain, déi meescht entspriechen awer kengen haut bekannte Strukture vun der Marsuewerfläch. Si sinn deelweis als Albedo- an Kontrasteffekter ze deiten, deelweis och als optesch Täuschungen.

De Schiaparelli hat besonnesch schaarf Aen, woufir seng „Canali“ (ital. fir Rillen) eréischt zwee Joer méi spéit, bei der nächster Mars-Oppositioun, och vun aneren Astronome konnte gesi ginn.

Dës nach méi genee Observatioune goufen virun allem um Observatoire an de Bierger ueft Nice gemaach an et goufen zäitweis en etlech Dosende vu Linne festgestallt.

Marskanäl vum Percival Lowell

Verännerungen op der Marsuewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

Zesumme mat joreszäitleche Verfierwungen (gro, rout, gréngelzeg) hat dat bei den Astronomen Camille Flammarion a Percival Lowell d'Virstellung bruecht, et kéint sech ëm kënschtlech Bauwierker vu Marsianer handelen. Schätzungen haten eng Breet vun de „Kanäl“ vun op d'mannst honnert Kilometer erginn, wat vun de meeschten Astronomen mat breeder Vegetatiounsceinture laanscht d'Waasserleef erkläert gouf.

Fälschlech Deitung als Liewensspuren oder Konschtgebaier[änneren | Quelltext änneren]

Mars, fotograféiert vum Hubble-Weltraumteleskop

Bis 1965 – dem Start vun der éischter Marssond – war d'Virstellung an der Fachwelt, datt et um Mars niddregt Liewen wéi Moos oder Flechten géif ginn. Eréischt duerch d'Raumsonde vun den 1960er Joren konnt dat ausgeschloss ginn. Haut mengt d'Fachwelt, datt d'Marskanäl duerch déi deemooleg Teleskopen a vun Hellegkeet, Flecken a Kontraster vun der Marsuewerfläch virgetäuscht goufen. Et léisst sech awer och en Deel vun de Canali mat wäitraimegen, schwaach gekrëmmte Linnestrukturen (Terrassen, Rei vu Krateren, Faarf- a Schietwierkungen) erklären. Sécher ass, datt den Schiaparelli a seng Nofolger de risegen, 4000 km laange Canyon vun der Valles Marineris reegelméisseg gesi konnten.

D'Phenomen vun de Marskanäl war den Haaptulass fir d'Grënnung vum Flagstaff- oder Lowell-Observatoire an Arizona (1894). E gouf a kuerzer Zäit e féierend Institut fir Planetologie, an deem 1930 de Pluto entdeckt gouf. Do gouf och déi modern Spektroskopie entwéckelt. Ënnersich vun de periodesche Verfierwunge säitlech vun en etleche Marskanäl hu sech bis an d'1960er Joren net eendeiteg fir oder géint niddreg Liewensspuren deite gelooss, soudatt d'Astrobiologen nach 1963, kuerz virum Start vun den zwou Mariner-Marssonden, d'Existenz vu Moosen a Flechten um "Roude Planéit" fir méiglech gehalen hunn.

Literatur (Auswiel) a Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Aarhus Univ., 2002: The Danish Mars Project
  • Beatty K. et al., 1983/90: Die Sonne und ihre Planeten. 1. Oplo 242p., 2.~260, Physik-Verlag Weinheim
  • Gerstbach G., 2003: Mars Channel Observations 1877–90, Compared with Modern Orbiter Data, PDF
  • Golombek M., 1998: Die Pathfinder-Mission zum Mars. Spektrum d. Wiss. Sept. 98, p. 62–73, Heidelberg
  • Hain Walter, 1995: Das Marsgesicht und andere Geheimnisse des Roten Planeten. 300p., ISBN 3-7766-1912-0, Herbig-Verlag München
  • Herrmann J., 1963: Leben auf anderen Sternen? 190p., Bildung und Wissen Bd. 12, Bertelsmann Gütersloh
  • MOC 2003: [1]
  • Raeburn Paul, 2000: Mars. Die Geheimnisse des roten Planeten. 232p., NASA & Steiger Augsburg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie