Martin John Rees

Vu Wikipedia
Martin John Rees
Gebuer 23. Juni 1942
York
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Trinity College,
Shrewsbury School,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Physiker, Astronom, Politiker, Universitéitsprofesser, Astrophysiker, Kosmolog
Member vun Royal Society, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, National Academy of Sciences, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Philosophical Society, International Society for Science and Religion, Academia Europaea, International Astronomesch Unioun

De Martin John Rees, Baron Rees of Ludlow OM, PRS, gebuer den 23. Juni 1942 zu York ass e britteschen Astronom.

De Rees huet zu Cambridge studéiert an huet 1967 beim Dennis Sciama promovéiert. No Fuerschungsstatiounen a Groussbritannien an USA gouf hie Professer op der Sussex University. Vun 1973 bis 1991 war hie Plumian Professor zu Cambridge an huet an där Zäit fir 10 Joer den Institut fir Astronomie geleet.

De Rees ass zanter 1995 Kinneklechen Astronom (Astronomer Royal) an zanter 2004 Master vum Trinity College souwéi Professer fir Kosmologie an Astrophysik zu Cambridge.

Zanter November 2005 ass hie President vun der Royal Society.

De Rees huet bedeitend Bäiträg iwwer den Urspronk vun der kosmescher Hannergrondstralung, iwwer Galaxiëkéip an iwwer d'Galaxiëgebuert geliwwert. Hien huet zu deenen éischte Vertrieder gehéiert déi d'Virstellung haten, datt aktiv galaktesch Käre wéi z. B. Quasare duerch Matièreastréimung op Schwaarz Lächer ugedriwwe ginn an huet wichteg Aspekter vun hirer Physik beschriwwen.

Vum Rees staamt och eng Warscheinlechkeetsschätzung fir d'Iwwerliewenschance vun der Mënschheet an de kommenden 100 Joer. Dobäi kalkuléiert hien déi atomar Menace (1:3), Killerviren (1:10), béisaarteg Nano-Maschinnen (1:1.000), Deep Impact, also den Aschlag vun engem Asteroid (1:10.000) an dat lescht Experiment, dat feelschléit an d'Äerd zerstéiert (1:100.000).

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]