Martin Linster

Vu Wikipedia
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Martin Linster
Gebuer 13. Oktober 1956
Boende
Gestuerwen 22. Oktober 2017
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf

De Martin Linster, gebuer den 13. Oktober 1956 zu Boende am Kongo[1], a gestuerwen den 22. Oktober 2017 zu Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Fotograf.

Hie selwer gesouch sech awer net als Fotograf, mä als Fotojournalist.

Seng Spezialisatioun war laang Zäit d'Schwaarz-Wäiss-Fotografie. Seng faarweg Digitalfotografie huet hien nëmme minimal retouchéiert, an nëmme sou wéi hie seng Fotoen och an der Dunkelkammer retouchéiert oder verschafft hätt. Vill vu senge Fotoe si charakteriséiert duerch eng ongewinnt Wiel vu Cadrage a Perspektiv.

Beim Rodchenko huet hie sech am meeschten inspiréiert.

Vun 1997 bis 2011 war hien attitréierte Fotograf bei der Wochenzeitung D'Lëtzebuerger Land. Vun 2007 bis 2009 war hien dacks zu Paräis, wou hie Fotoe vun de Maquilleusen an der Opéra Bastille a vu Leit a Muséeën, am Metro an op der Strooss gemaach huet.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Doud vum Fotograf Martin Linster." rtl.lu, 28.10.2017, 11:14:03.
  2. Doudesannonce am "Luxemburger Wort" vum 31. Oktober 2017, S. 46