Martin Crimp

Vu Wikipedia
Martin Crimp
Gebuer 14. Februar 1956
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Linguist, Dramatiker, Librettist, Dréibuchauteur, Iwwersetzer, Komponist

De Martin Crimp gebuer de 14. Februar 1956 zu Dartford an der Grofschaft Kent ass en engleschen Theaterschrëftsteller.

De Martin Crimp wiisst zu London an am West Yorkshire op, a geet duerno op d'Universitéit vu Cambridge studéiere wou en 1978 en Ofschloss mécht.

De Martin Crimp fänkt an den 80er Joren u mat schreiwen a seng éischt Stécker ginn am Orange Tree Theatre zu Richmond, an de Faubourge vu London opgefouert (do wou hien déizäit gewunnt huet). Dës Stécker sinn:

  • Living Remains (1982)
  • Four Attempted Acts (1984)
  • Definitely the Bahamas (1987)
  • Dealing With Clair (1998)
  • Play With Repeats (1989)

An de 90er Jore gi seng Stécker méi bekannt a si ginn am Royal Court Theatre gespillt:

  • No One Sees the Video (1990)
  • Getting Attention (1991)
  • Attempts on her Life (1997)
  • The Country (2000)
  • Face to the Wall, ê Stéck vu 15 Minutten (mars 2002)

1993 krut hien den John Whiting Award for Drama.

De Martin Crimp ass och nach Iwwersetzer, sou huet ënner anerem Texter vum Genet, Molière an Ionesco iwwersat.

Aktuelles[änneren | Quelltext änneren]

Bis de 6. Dezember 2006 gouf dem Crimp säi Stéck The country (Auf dem Land) am Tun Deutsch Sall zu Bouneweg ënner der Direktioun vum Germain Wagner opgefouert.