Martin John Rees
De Martin John Rees, Baron Rees of Ludlow OM, PRS, gebuer den 23. Juni 1942 zu York ass e briteschen Astronom.
De Rees huet zu Cambridge studéiert an huet 1967 beim Dennis Sciama promovéiert. No Fuerschungsstatiounen a Groussbritannien an USA gouf hie Professer op der Sussex University. Vun 1973 bis 1991 war hie Plumian Professor zu Cambridge an huet an där Zäit fir 10 Joer den Institut fir Astronomie geleet.
De Rees ass zënter 1995 Kinneklechen Astronom (Astronomer Royal) an zënter 2004 Master vum Trinity College souwéi Professer fir Kosmologie an Astrophysik zu Cambridge.
Zënter November 2005 ass hie President vun der Royal Society.
De Rees huet bedeitend Beiträg iwwer den Urspronk vun der kosmescher Hannergrondstralung, iwwer Galaxiëkéip an iwwer d'Galaxiëgebuert geliwwert. Hien huet zu deenen éischte Vertrieder gehéiert déi d'Virstellung haten, datt aktiv galaktesch Käre wéi z. B. Quasare duerch Matièreastréimung op Schwaarz Lächer ugedriwwe ginn an huet wichteg Aspekter vun hirer Physik beschriwwen.
Vum Rees stammt och eng Wahrscheinlechkeetsschätzung fir d'Iwwerliewenschance vun der Mënschheet an de kommenden 100 Joer. Dobäi kalkuléiert hien déi atomar Bedrohung (1:3), Killerviren (1:10), béisarteg Nano-Maschinnen (1:1.000), Deep Impact, also den Aschlag vun engem Asteroid (1:10.000) an dat lescht Experiment, dat fehl schléit an d'Äerd zerstéiert (1:100.000).
Éierungen [änneren]
- 1984: Dannie-Heineman-Präis fir Astrophysik
- 1987: Goldmedail vun der Royal Astronomical Society
- 1989: Karl-Schwarzschild-Medail vun der Astronomischen Gesellschaft
- 1989: Balzan-Präis
- 1992: zum Chevalier geschloen
- 1993: Bruce Medail
- 1996: Science Writing Award vum American Institute of Physics fir „Gravity's Fatal Attraction. Black Holes in the Universe“
- 2000: Bruno-Rossi-Präis
- 2001: Gruber-Präis fir Kosmologie
- 2003: Petrie Prize Lecture
- 2004: Henry Norris Russell Lectureship vun der American Astronomical Society
- 2005: Crafoord-Präis zesumme mam James E. Gunn an dem James Peebles
- 2005: als Baron Rees of Ludlow, of Ludlow in the County of Shropshire zum Life Peer erhuewen
- 2007: Order of Merit
- 2011: Templeton-Präis
- 2012: Isaac-Newton-Medail
Wierker [änneren]
- Martin Rees (Hrsg.): Das Universum. Dorling Kindersley, München 2006, ISBN 3-8310-0946-5.
- Unsere letzte Stunde. Bertelsmann, München 2003, ISBN 3-570-00631-X.
- Das Rätsel unseres Universums. Beck, München 2003, ISBN 3-406-50900-2.
- mit Mitchell Begelman: Schwarze Löcher im Kosmos. Spektrum, Akademie Verlag, Heidelberg, Berlin 2000, ISBN 3-8274-1044-4.
- Vor dem Anfang. Fischer, Frankfurt am Main 1998, ISBN 3-10-062913-2.
- mit John Gribbin: Ein Universum nach Maß. Insel, Frankfurt am Main 1994, ISBN 3-458-33279-0.