Martin Klein

Vu Wikipedia
Martin Klein
Gebuer 1. Dezember 1848
Waarken
Gestuerwen 11. Februar 1907
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter


"Dr Martin Klein", Médaillon vum Pierre Federspiel am Park vum Thermalbad zu Munneref. 20. Juni 2008

De Martin Klein, gebuer den 1. Dezember 1848 zu Waarken, a gestuerwen den 11. Februar 1907 zu Munneref, war e lëtzebuergeschen Dokter.

1874, no sengem Medezinstudium war hie fir eng kuerz Zäit Dokter zu Ettelbréck, ier hie bis 1883 zu Eech seng Praxis hat. Hien huet ofwiesselnd do an zu Munneref, dat déi Zäit nach e privat Thermalbad war, praktizéiert.

1883 bis 1886 war hie Chefmedeziner an enger Klinick zu Antwerpen. Wéi den 21. Abrëll 1886 Munneref e staatlecht Thermalbad gouf, ass de Martin Klein vun der Regierung als medezineschen Direkter vum Thermalbad genannt ginn. Bis zu sengem Doud 1907 huet hien d'Thermalbad mat neien, fir déi Zäit modernen a wëssenschaftleche Methoden opgebaut. Dobäi huet hien d'Munnerefer Hoteliere berode fir den Thermalgäscht eng kurgerecht Kichen ze zerwéieren. Zu senge kulinaresche Propositiounen hunn och d'natierlech Musel-Wäiner mat hiren Heelkräfte gezielt. Fir d'Wäiner aartgerecht ze stockéieren, huet hie schonn 1886 speziell Kelleren am Casino ageriicht.

Vun 1902 bis 1907 war de Martin Klein President vun der Section des Sciences Médicales vum Institut grand-ducal.

Hien ass no enger Rees an Italien am Februar 1907 zu Munneref a senger Wunneng am Casino des Bains gestuerwen.

Am Kurpark vum Thermalbad zu Munneref gouf 1909, zu Éiere vum Dr. Martin Klein, e Monument mat engem Medaillon, dee vum Pierre Federspiel entworf gouf, opgeriicht.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial N°42 vun 1891 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  2. Kuerz Biographie vum Dr Martin Klein am Luxemburger Wort vum 13. Februar 1907